
De PSG hat als grousse Favoritt Dijon bei sech doheem op Besuch. An den aktuelle Champion huet vun Ufank u gewisen, datt si an déi nächst Ronn wëlle kommen. Den Di Maria konnt seng Ekipp no 8 Minutten a Féierung bréngen an huet 20 Minutte méi spéit nach eng Kéier op 2:0 erhéicht. Dono hunn d’Fans misste bis zu der 77. Minutt waarden, bis de Meunier nach op 3:0 ausbaue konnt. Esou ass dëse Match dann och ausgaangen.
Da war nach ee Match an der portugisescher Coupe. Den FC Porto huet hei Sporting Braga op Besuch gehat. D’Heemekipp konnt no 27 Minutten duerch en Eelefmeter vum Telles a Féierung goen. Fir e bësse méi Sécherheet huet de Soares mat engem schéine Gol an der 63. Minutt gesuergt. De Schlusspunkt huet de Brahimi quasi mat der leschter Aktioun vum Match dropgesat, hie konnt an der 94. Minutt op 3:0 erhéijen. Domat huet Porto gutt Viraussetzunge fir de Retourmatch, deen den 3. Abrëll gespillt gëtt. An der anerer Halleffinall sti sech Benfica Lissabon a Sporting Lissabon géigeniwwer. Benfica konnt hei den Allersmatch gewannen.
Lazio Roum huet doheem géint den AC Mailand gespillt. Mailand hat zwar an den 90 Minutte knapp méi Ballbesëtz, mä mat 5 zu 1 Schëss op de Gol däitlech manner Chancen. Bei esou wéinege Chancë wonnert et dann och net, datt dëse Match 0:0 ausgaangen ass. Mat dësem Score hu béid Ekippen nach eng gutt Chance, fir sech am Retourmatch duerchzesetzen.
An der héchster englescher Spillklass goufen um Dënschdeg direkt véier Matcher gespillt, dat fir de Compte vum 28. Spilldag.
Tëscht Huddersfield a Wolverhampton sinn laang keng Goler gefall. D’Heemekipp hat ganz liicht méi vum Match a konnt sech kuerz virum Schlussëff belounen, duerch e Gol vum Mounie.
Everton huet et dogéint zu Cardiff City besser gemaach a konnt duerch 2 Goler vum Sigurdsson (41' a 66') an engem Gol vum Calvert-Lewin (90'+3) dräi Punkte mat heem huelen.
Leicester City huet doheem da knapp géint Brighton & Hove Albion gewonnen. D’Heemekipp war duerch den Gray no 10 Minutten a Féierung gaangen an de Vardy huet no 63 Minutten op 2:0 erhéicht. Ma de Pröpper huet 3 Minutte méi spéit seng Faarwen nees erubruecht, ma hinne sollt net nach e weidere Gol geléngen.
Dann hat Newcastle United och nach d’Nues géint Burnley vir. No 2 Goler an der éischter Hallschent duerch den Schär (24') an de Longstaff (38') hu si déi 3 Punkte kritt.