US OpenDe Rafael Nadal gouf eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
De Spuenier huet e bëssen iwwerraschend an der Aachtelsfinall géint den US-Amerikaner Frances Tiafoe a 4 Sätz verluer.

Et war déi éischt Néierlag vum Nadal am 23. Grand-Slam-Match vun dësem Joer. Virdrun hat hien d’Australian Open a Roland Garros jo gewonnen, an zu Wimbledon konnt hien an der Halleffinall net untrieden.

Um Enn huet den Tafoe mat 6:4, 4:6, 6:4 a 6:3 géint den Nadal gewonnen.

De 19 Joer ale Carlos Alcaraz konnt sech a 5 Sätz géint de Kroat Marin Cilic behaapten. Hei war d’Resultat 6:4, 3:6, 6:4, 4:6 a 6:3. De Spuenier kënnt soumat sengem éischte Grand-Slam-Titel ëmmer méi no.

An der drëtter Partie konnt sech den Italiener Jannik Sinner géint de Wäissruss Ilja Iwaschka a 5 Sätz mat 6:1, 5:7, 6:2, 4:6 a 6:4 duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO