Ex-FuttballnationalspillerDe Sami Khedira hänkt no der Saison seng Schong un den Nol

RTL Lëtzebuerg
No 15 Joer setzt de Sami Khedira e Schlussstréch ënnert seng Profi-Karriär.
© SID/MICHAEL SOHN

Dat huet de Futtballweltmeeschter vun 2014 e Mëttwoch an enger virtueller Medieronn matgedeelt.

Et wier eng eng zimmlech haart Entscheedung, “awer den eenzege richtege Schratt”, sou de 34 Joer ale Sportler. Déi 15 Joer als Profifuttballspiller hätten hir Spueren hannerlooss, sou de Khedira.

Bannent deene 15 Joer huet hie bei 77 Matcher vun der däitscher Nationalekipp matgespillt a 7 Goler markéiert.

Back to Top
CIM LOGO