Coup d’Eclat beim Real MadridDe Sergio Ramos kritt de Kontrakt net verlängert

RTL Lëtzebuerg
Wouhinner de Sergio Ramos, no 16 Joer am Trikot vum Real Madrid, wiesselt ass nach net gewosst.

Real Madrid huet decidéiert de Kontrakt mam Sergio Ramos, deen den 30. Juni 2021 ausleeft, net ze verlängeren. Dat huet de Club gëschter Owend offiziell matgedeelt.Domat geet un der “Concha Espina”, nom Depart vum Cristiano Ronaldo (2018), eng weider Ära op en Enn. Wouhinner den Ramos, no 16 Joer am Trikot vum Real Madrid, wiesselt ass nach net gewosst.

Den néien Kapitän vum 13-fachen Champions League Gewënner ass vun der nächster Saison un de Brasilianer Marcelo.

En Donneschdeg um 12:30 Auer krut den Ex-Kapitän offiziell Äddi gesot. Uschléissend ass nach eng Pressekonferenz mam 35 Joer alen Defenseur geplangt.

Back to Top
CIM LOGO