De Stater Fusiounsveräin bleift am Lëtzebuerger Dammefuttball weiderhin den Non-Plus-Ultra. D’Bilanz dës Saison ass impressionnant. Bannent deene 24. Spilldeeg goufen et 21 Victoiren, 2 Remisen an nëmmen eng Néierlag. Dat d’lescht Woch auswäerts beim Tabellenzweeten Hesper.
De Swift konnt sech zwar um Samschdeg géint Jonglënster behaapten, duerch déi 2 Punkten Avance an der Victoire vum Racing muss sech d’Ekipp vum Holleschbierg awer mat der zweeter Plaz am Championnat zefridde ginn.
Op d’Plazen 3 a 4 klasséiere sech Ell a Jonglënster. Den Ofschloss vun der Saison mécht dann ënner anerem d’Coupe-Finall. Den nächste Samschdeg kritt et de Stater Racing ëm 19 Auer zu Beetebuerg mat Mamer ze dinn.
Am Kampf ëm de Maintien ass zanter der leschter Woch alles decidéiert. Déifferdeng, d’Entente Wuermer, Mamer an Dikrech spillen d’nächst Saison weiderhin an der 1. Divisioun vum Damme-Championnat. D’Unioun Mäertert-Waasserbëlleg kritt et am Barrage-Match e Freideg mat Käerjeng ze dinn. Den Opsteiger Housen muss de Gank an déi 2. Divisioun untrieden. Beetebuerg steet dogéint als Champion aus der 2. Divisioun als Opsteiger fest.