BGL LigueDe Swift Hesper steet elo un der Spëtzt vun der Tabell

RTL Lëtzebuerg
Mat engem däitleche 4:0 konnt sech Hesper géint Rodange duerchsetzen an d'Fola klappt Déifferdeng mat 5:0. Diddeleng spillt just 0:0 zu Wolz.
© Robert Straus

Puer Spannung ëm de Meeschtertitel gëtt et am Schluss vun der Saison nach an der BGL Ligue. Diddeleng, Hesper an d’Fola Esch streide sech ëm déi éischt Plaz.

De Swift Hesper krut et mat Rodange ze dinn a konnt an der 38. Minutt duerch de Corral mat 1:0 a Féierung goen. Mam 2:0 an der 42. Minutt duerch de Perez war Hesper um richtege Wee, fir sech keen Ausrutscher ze erlaben. No der Paus huet de Perez schonn an der 55. Minutt mat sengem zweete perséinleche Gol alles kloer gemaach. An der 72. Minutt konnt den Abdallah mam 4:0 nach een dropsetzen. Domadder iwwerhëlt Hesper d’Féierung an der Tabell vum F91 Diddeleng.

Nodeems d’Fola e puer Jokere verspillt huet, hate se e Samschdeg Déifferdeng zu Gaascht a stoungen ënner Drock. Se hu misse gewannen, fir weider un Diddeleng an Hesper drun ze bleiwen. Schonn no 9 Minutten huet de Sinani d’Fola a Féierung bruecht an an der 41. Minutt war et den Hadji, deen op 2:0 erhéije konnt. Och wa se an der lescht e puer Mol Féierungen nees aus der Hand ginn hunn, sou war dat géint Déifferdeng net de Fall. No engem Eegegol vum Franzoni an zwee weidere Goler vum Hadji konnten se op 5:0 erhéijen. Um Enn sollt dat och d’Schlussresultat sinn.

BGL Ligue - D'Escher Fola iwwerrennt den FC Déifferdeng
No 90 Minutte stoung et 5:0

Déi Diddelenger dogéint hu sech mat Wooltz méi schwéier gedoen. An der Paus stoung et 0:0 an Diddeleng stoung ënner Drock. Mee och no der Paus konnt sech Diddeleng net vill Golchancen erausspillen a soumat spillen se zu Wooltz just 0:0. Domat loosse se wichteg Punkte leien a mussen dem Swift Hesper déi éischt Plaz iwwerloossen.

Domadder bleift et ganz spannend un der Spëtzt. De Swift Hesper steet elo mat 65 Punkten op der 1. Plaz virun dem F91 Diddeleng (63 Punkten) an der Fola Esch (62).

Spannung gëtt et awer och nach an der Lutte ëm déi 4. Plaz déi d’Qualifikatioun fir d’Conference League bedeit. Hei hu sech béid Ekippen, déi nach a Fro kommen, de Racing an de Progrès Nidderkuer, keng bléis ginn a soumat bleift de Racing op der 4. Plaz, dat mat engem Punkt Avance op Nidderkuer.

Back to Top
CIM LOGO