ReidenDe Victor Bettendorf wënnt de Grousse Präis beim CSI4* zu Valencia

RTL Lëtzebuerg
Et war e Sprange mat Stiechen iwwert eng Héischt vun 1.55 Meter.
© BJORN LARSSON ROSVALL TT NEWS AGENCYTT News Agency via AFP (Archiv)

De Victor Bettendorf hutt e Sonndeg mat sengem Päerd Qwando van de Rispen de Grousse Präis beim CSI4* zu Valencia gewonnen.

Vun den 42 Starter konnte sech 8 Reider mat enger Null-Feeler-Ronn fir d’Stieche qualifizéieren. An dësem Stieche war de Victor Bettendorf och feelerfräi an iwwert eng Sekonn méi séier wéi déi Zweetplacéiert Marie Demonte (FRA).

Domat huet de Victor Bettendorf déi éischt vun dräi Qualifikatioune fir d’Europameeschterschaft 2025 bei de Seniore mam Qwando van de Rispen gepackt.

Back to Top
CIM LOGO