Championnat am BasketDecisioun, wéi et weidergeet, fält awer nach net dës Woch

RTL Lëtzebuerg
D'FLBB wëll sech nach mam Sport-Ministère a Verbindung setzen an da réischt eng Decisioun huelen.
© Archiv

De leschte Samschdeg haten d’Basketfederatioun an d’Veräiner eng consultativ Versammlung, wou gekuckt sollt ginn, wéini a wéi d’Championnat soll weider gespillt ginn. No där Reunioun hat de Conseil vun der FLBB gesot, dass dës Woch eng Decisioun géif falen.

Dat ass awer elo net de Fall. D’FLBB wëll sech nach mam Sportministère a Verbindung setzen an da réischt eng Decisioun huelen.

Dat huet d’Basketfederatioun en Donneschdeg matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO