
2023 si se op Malta. De malteseschen Olympesche Comité huet d’Editioun vum nächste Joer offiziell lancéiert. Vum 28. Mee bis den 3. Juni gëtt an engem décke Joer op der Mëttelmierinsel an 10 Sportaarten, Liichtathletik, Basketball, Judo, Rugby zu 7, Seegelen, Schéissen, Squash, Schwammen, Dëschtennis an Tennis ëm Medaile gekämpft.
Nieft dem Organisateur sinn och nach 8 aner kleng europäesch Länner dobäi, dorënner och Lëtzebuerg. Et ginn eng ronn 1.000 Sportler, Trainer an Offizieller fir dëst Multisportevenement erwaart. No 1993 an 2003 sinn d’Spiller vun de klenge Länner eng drëtte Kéier op Malta.
Zejoert sollt et jo an Andorra sinn, wéinst der Pandemie gouf dat Ganzt awer ofgesot.
