Internationalen an inklusive Futtball-TurnéierDéi 5. Editioun vum Special Olympics Unified FLF Airdome Cup

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend war déi 5. Editioun vum "Special Olympics Unified FLF Airdome Cup". D'Special Rout Léiwe koumen ënner 10 Ekippen op déi 3. Plaz. 
© Serge Olmo

Special Olympics-Athleeten aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Däitschland hunn zu Monnerech am Airdome mat hire Partner un engem inklusive Futtballturnéier deelgeholl. Um Samschdeg waren den Nationaltrainer Jeff Strasser an den FLF-President Paul Philipp op der Plaz, fir Impressioune vum Turnéier matzekréien an d’Medailen auszedeelen.

12/11/2025 18h40 Special Olympics Fussball

D’FLF probéiert, d’Partenariat mat de Special Olympics net nëmmen am Kontext vun dësem internationalen Turnéier ze gesinn, mä et soll eppes méi Reegelméisseges sinn. Den FLF President Paul Philipp:

Wann een d’Begeeschterung gesäit vun de Spiller respektiv vun de Spillerinnen, wéi gesot, da gëtt et engem waarm ronderëm d’Häerz. Dat ass evident. Mir versichen och eis Kooperatioun mat Special Olympics esou ze gestallten, zum Beispill wat d’Uniformen alles ubelaangt, ze ënnerstëtzen. An nach vun Zäit zu Zäit, wann d’Datumer et erlaben, dass mer deen een oder aneren Training, ob dat vun eiser Ekipp oder vun eiser U21, mat hinnen zesummen organiséieren.

Vu datt et schonn déi 5. Editioun ass, kann ee sech virstellen, datt dëst zu enger laanger Traditioun wäert ginn. D’Sportler mat enger intellektueller Beanträchtegung hunn den Turnéier jiddefalls genoss. De President vu Special Olympics Lëtzebuerg Roberto Traversini ka sech eng reegelméisseg Zesummenaarbecht mat der FLF absolutt virstellen.

Ech mengen awer, datt mer um gudde Wee sinn, well mer schonn e puer Joer hannertenee lo hei dat hei mat der FLF zesummen organiséieren. An et ass genau dat wat mer amgaange sinn ze siche mat de Federatiounen, Eventer zesumme mat eise Sportler z’organiséieren. Iwwerall wa mer mat de Federatioune schwätzen, hu mir d’Dieren op.

Bei de Kompetitioune vu Special Olympics ass d’Gewannen net onbedéngt dat primäert Zil, mee et ass awer och bei den Athleeten a Partner eng supplementar Motivatioun fir u seng Limitten ze goen. Den Olivier Schons, Trainer vun de Special Rout Léiwen, weess, datt d’Gewannen nawell e Motto ass fir alles ze ginn.

Gewanne steet net an éischter Stell mee si sinn éiergäizeg a si wëlle gewannen. Den Trainer léisst sech vum Éiergäiz ustiechen. Fussball ass e Sport mat Emotiounen, Häerz a Séil. Meng Spiller hunn dat all. Ech sinn houfereg, well et muss een emol an d’Halleffinall kommen.

An der ugeschwater Halleffinall gouf et eng 0:3-Defaite géint de spéidere Gewënner ASA-Handicomtois aus Frankräich. Wann een den Asaz vun de Special Olympics-Athleete gesäit, da kann een dovun ausgoen, datt d’sportlech Aktivitéiten, an an dësem Fall de Futtball, eng wichteg Plaz am Alldag hunn. Den Emmanel Costa Silva confirméiert.

Fussball war ëmmer wichteg. Ech hat Fussball gespillt an dat vu Klengem u schonn, an ech spillen och oft dobausse Fussball net am Training, mee oft mat Kolleegen dobaussen, och am Training zweemol an der Woch.”

Och wann et keng Victoire fir d’Léiwe gouf war, et eng ganz flott Aventure. Jiddereen huet senge Méiglechkeeten no säi Maximum ginn. Den Tiago Marques Martins huet keng Regreten.

Mir hunn eis Bescht gemaach, mee si hu besser gespillt a mir hu probéiert eist Bescht ze ginn, mee si hunn ee Gol gemaach.”

D’ASA-Handicomtois konnt sech an der Finall mat 1:0 géint Hannover 96 behaapten no enger ganz spannender Partie. D’Special Rout Léiwe koumen ënner 10 Ekippen op déi 3. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO