BGL LigueDéifferdeng a Wolz spillen 1:1-Gläich an d'Fola klappt de Progrès

RTL Lëtzebuerg
Diddeleng léisst Munneref keng Chance an de Swift Hesper gewënnt duerch e Gol an der Nospillzäit géint de Titus Péiteng.
© Val Wagner

Déifferdeng a Wolz spillen 1:1-Gläich.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

CS Fola Esch - Progrès Nidderkuer 4:3
1:0 Bensi (38'), 2:0 Bensi (53'), 3:0 Hadji (58'), 3:1 Tekiela (59'), 3:2 Luisi (62'), 3:3 Habbas (68'), 4:3 Hadji (77')

Béid Ekippen hu vun Ufank u e ganz flotte Futtball gewisen. Tekiela fir de Progrès a Bensi fir d’Fola haten déi éischt Chance am Match. Och am weidere Verlaf vun der 1. Hallschent ass et hin an hier gaangen. An der 38 Minutt war et de Karayer deen den Hadji am Strofraum vun de Bee geholl huet. De fällegen Eelefmeter huet sech de Bensi net entgoe gelooss. 1:0 Fola. Kuerz virun der Paus hat d’Lokalekipp d’Chance op 2:0 ze erhéijen, mee de Sommer am Gol konnt de Balll vum Diallo paréieren.

Nidderkuer ass aggressiv aus de Kabinne komm, mee et war d’Fola déi zougeschloen huet. De Bensi huet no Virlag vum Drif de Score op 2:0 erop geschrauft. Kuerz dorops huet den Hadji de Score op 3:0 gesat. Virentscheedung? Nach net, well 1 Minutt méi spéit war et den Tekiela deen op 1:3 verkierzt huet. De Luisi huet an der 62. Minutt dunn de 2:3 markéiert. Geckege Match zu Esch! An esou krut de Progrés an der 68. Minutt een Eelefmeter zougesprach nodeems de Luisi gefoult gouf. De Habbar huet de Ball an de Filet geschoss an esou stoung et 3:3 no 69. Minutten. Innerhalb vu 9 Minutten hunn d’Gäscht aus engem 0:3 een 3:3 gemaach. Eriwwer war dëse Match awer nach net. D’Fola huet duerch den Hadji an der 77. Minutt tatsächlech nach de 4:3 markéiert a gewënnt dëse geckege Match.

Swift Hesper - Union Titus Péiteng 1:0
1:0 Pedro (90+3')

No 5 Minutten hat Péiteng schonn’s 1 Mann manner um Terrain. De Sefil Sohny hellt de Perez am Strofraum un. Vue que dass de Péitenger leschte Mann war, geet och déi Rout Kaart an d’Réi. An der Suite huet sech Péiteng hannen dra gestallt an op Konter gelauert. Hesper hat virun allem um Enn vun der 1 Hallschent wuel gutt Chancen, mee de Ball sollt einfach net an de Filet goen.

Um Holleschbierg hunn d’Spectateuren an der 2. Hallschent eng Lokalekipp gesinn déi nawell ferm gedréckt hunn an onbedéngt den 1:0 markéiere wollt. Mee och den agewiesselten Abdallah sollt de Ball net an de Filet setzen. Péiteng hat wuel e puer Konter Méiglechkeeten, mee wierklech geféierlech ass et net ginn. Sie kennen hirem Keeper Tom Ottelé e decke Merci soen, deen eng Chance no da anerer paréiert huet. An der 3. Minutt vun der Nospillzäit ass et dunn awer nach passéiert an Hesper konnt de verdéngte Gol duerch de Pedro schéissen. Péiteng, déi eng kämpferesch super Leeschtung gewisen hunn, mat enger batterer mee verdéngter Néierlag.

US Munneref - F91 Diddeleng 0:3
0:1 Bettaeib (25'), 0:2 Pokar (46'), 0:3 Diouf (54')

Diddeleng war vun Ufank un déi besser Ekipp. Sie hunn Munneref frei ënner Drock gesat, an esou ëmmer erëm schnell no fir gespillt. An der 25. Minutt ass de Bettaeib no enger Flank un de Ball komm an huet de Ball onhaltbar an de Wénkel gekäppt. Munneref hat wuel e puer Chancen, mee am Total huet d’Lokalekipp ze ongenau gespillt. 0:1 stoung et an der Paus aus der Siicht vu Munneref.

No der Paus huet Diddeleng mat 100 à l’heure ugefaangen. Et huet mol keng Minutt gedauert, do war de Ball duerch de Pokar schonn’s am Filet vun der Lokalekipp. No engem Corner vu riets huet an der 54. Minutt den Diouf fir d’Virentscheedung gesuergt. Eng souverän Victoire fir Diddeleng déi hire 6 Match um Stéck gewanne konnten.

FC Déifferdeng 03 - FC Wolz 1:1
1:0 Lempereur (53'), 1:1 Vandenbroeck (78')

Déi 455 Spectateuren hunn an der 1. Hallschent eng gutt Partie ze gesinn krut. Wolz war wuel an der Ufanksphasen e Tick besser, hat déi méi kloer Chancen, mä virum Gol waren d’Gäscht net präzis genuch. Um Enn vun deenen éischte 45 Minutten hat Déifferdeng duerch de Joachim eng ganz gutt Chance déi de Schon awer gutt paréiert huet.

De Kaba Ntangu krut dunn an der 52. Minutt de Ball am Strofraum un d’Hand an dem Arbitter ass näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi op de Punkt ze weisen. De fällegen Eelefmeter huet de Lempereur an de Filet gesat. Mëtt vun der zweeter Hallschent goufen et vill Zweekämpf a gefillt eng Giel Kaart no där anerer. An der 66. Minutt hat den Ibrahimovic eng gutt Geleeënheet, déi den Amodio awer gutt paréiere konnt. Per Kappball war et dunn de Vandenbroeck, deen den Ausgläich fir d’Gäscht markéiere konnt. An der 83. Minutt krut de Wëlzer Kaba Ntangu Giel-Rout-Kart a missten déi leschte Minutten an Ënnerzuel spillen. E Gol sollt net méi falen, ee Resultat dat an d’Rei geet fir déi zwou Ekippen.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO