Fir den Optakt vum 21. Spilldag stoung e Samschdeg direkt de Spëtzenduell am nationale Futtballchampionnat um Programm.
Den Tabelleleader Déifferdeng huet sech hei mat 2:0 géint Diddeleng behaapt a vergréissert de Virsprong un der Spëtzt domat op elo siwe Punkten. Viru ronn 2.000 Spectateuren zu Uewerkuer hat den Arbitter schonn no véier Minutten op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems de Jorginho am Strofraum vum Diddelenger Golkipp zum Fale bruecht gouf. De Stiermer ass doropshi selwer ugetrueden an huet sécher op 1:0 gesat. Duerch de fréie Schock huet den F91 och an den nächste Minutte liicht onsécher um Terrain gewierkt. Déifferdeng war konzentréiert an huet säi Géigner net wierklech an de Match fanne gelooss. No 45 Minutten ass et sou mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen.
An der zweeter Hallschent gouf et spilleresch ufanks net all ze vill Héichpunkten. Opreegung ass et allerdéngs ginn, wéi e puer Spiller unenee gerode sinn. Nieft e puer Giele Kaarten huet dann am Gewulls och den Trainer vun den Diddelenger déi Rout Kaart gesinn, sou dass de Jonathan Joubert bis zum Enn d’Roll un der Säitelinn iwwerholl huet. An enger Partie op Aenhéicht huet den F91 awer weider keng Léisung fonnt, fir e Wee laanscht déi géigneresch Defense ze fannen. An der Nospillzäit huet sech den agewiesselte Ludovic Rauch dann eleng virum Diddelenger Gol rëmfonnt an huet de Ball fir den decisiven 2:0 eragesat.
E Sonndeg de Mëtteg gi wéi gewinnt déi reschtlech Partië vum Spilldag ausgedroen.