Coupe am Futtball: 1/32-FinallenDéifferdeng gewënnt zweestelleg, 9 Veräiner aus der Éierepromotioun eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
De Weekend sinn am nationale Futtball d'1/32-Finalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn.
© RTL-Archivbild

D’Veräiner aus der BGL Ligue hunn et alleguer an d'1/16-Finalle vun der Coupe de Luxembourg gepackt. Den Titelverdeedeger Nidderkuer huet sech auswäerts mat 8:0 géint Uespelt aus der 3. Divisioun behaapt. An de Champion Déifferdeng ass op Colmer-Bierg (2. Divisioun 1. Bezierk) mat 14:0 wanne gaangen.

Aus der Éierepromotioun huet et e Sonndeg awer eng Rei Veräiner erwëscht. D’Etzella, Beggen, Sandweiler, Këppchen, Biissen, Feelen a Mamer hu sech misste géint Géigner aus méi niddregen Divisioune geschloe ginn.

Schonn e Samschdeg sinn déi éischt Matcher vum 2. Tour vun der Coupe gespillt ginn. Mam Fusiounsveräin aus der Haaptstad Luxembourg City a Berbuerg hat et hei zwee Veräiner aus der Éierepromotioun getraff.

Et war deen éischten Tour vun der Coupe mat de Veräiner aus der héchster Divisioun.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO