Am nationale Futtball-Championnat ass an der BGL Ligue de Weekend den 20. Spilldag gespillt ginn. E Samschdeg konnt sech fir den Optakt Péiteng géint Wolz mat 1:0 duerchsetzen. E Sonndeg gouf et ënnert anerem eng Victoire fir Rouspert, Miersch a Schëffleng. Hesper huet beim 4:1 der Fola keng Chance gelooss. A Miersch ka sech knapps mat 2:1 géint Monnerech duerchsetzen.
Diddeleng huet mat 2:1 géint Munneref gewonnen. Dobäi louch Diddeleng fréi am Match mat 0:1 a Réckstand a war deemno gezwongen e Gang erop ze schrauwen, wollt een den Uschloss un Déifferdeng net komplett verléieren. An esou konnt den F91 dem Hadji Merci soen. Et war nämlech de Stiermer vun Diddeleng deen direkt zwee mol de Ball am Filet konnt ënnerbréngen. An der Schlussphase konnt Munneref de Match net méi egaliséieren, sou dass den F91 mat 2:1 géint d’USM gewanne geet.
Viru 735 Spectateure gouf de Spëtzematch tëscht Déifferdeng a Stroossen gespillt. D’Gäscht waren an deenen éischte Minutte wuel beméit d’Spillkontroll ze iwwerhuelen, allerdéngs sollt den FCD03 ab der 15 Minutt d’Heft an d’Hand huelen, ouni sech allerdéngs groussaarteg Chancen eraus ze spillen. An deenen zweete 45 Minutten ass de Match du méi attraktiv ginn. Den Zenadji hat fir d’Una déi grouss Chance, ass awer um Ruffier hänke bliwwen. An esou konnt Déifferdeng an der 57. Minutt per Eelefmeter duerch de Costa Monteiro a Féierung goen. Stroossen huet an der Suite alles probéiert, sollt den Ausgläich awer net markéieren. An der 80. Minutt huet den Trani matten an der Drangphase vun de Stroossener fir d’Virentscheedung gesuergt.
Den Tabelleleader, deen ouni den ugeschloenen Arthur Abreu gespillt huet, bleift no der 2:0-Victoire weider ongeschloen a huet an der Tabell 4 Punkte Virsprong op Diddeleng.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
FC Schëffleng - Racing Union 4:1
1:0, Besic (37'), 2:0 Besic (41'), 2:1 Skenderovic (44'), 3:1 Atoyiyi (58'), 4:1 Mabanza (88')
FC Déifferdeng - Una Stroossen 2:0
1:0 Costa Monteiro (57'), 2:0 Trani (80')
F91 Diddeleng - US Munneref 2:1
0:1 Holter (19'), 1:1 Hadji (42'), 2:1 Hadji (57')
Jeunesse Esch - UN Käerjeng 3:0
1:0 Teixeira (39'), 2:0 Mendes (71'), 3:0 Mogni (88')
Marisca Miersch - FC Monnerech 2:1
0:1 Samba (17'), 1:1 Silva Moreira (38'), 2:1 Bresch (83')
Swift Hesper - Fola Esch 4:1
1:0 Couturier (32'), 1:1 Flick (56'), 2:1 Stolz (68'), 3:1 Sinani (70'), 4:1 Stolz (75')
Victoria Rouspert - Progrès Nidderkuer 3:1
1:0 Steinbach (41'), 2:0 El Idrissi 48'), 2:1 Jarmouni (68'), 3:1 Redekop (79')