
Hei ass den aktuellen Tabelleleader op den Opsteiger aus Schëffleng getraff. Quasi mam Ustouss ass dem Déifferdenger Nagera dunn och direkt d’Féierung gelongen. Et sollt awer an der Suite méi en ausgeglachene Match ginn, an deem béid Ekippe kaum geféierlech Chance kreéiere konnten. Sou ass et dunn och mam Stand vun 1:0 an d’Vestiaire gaangen.
Ma och hei sinn déi Déifferdenger méi waakreg op den Terrain komm a konnten no 49 Minutten duerch de Brusco op 2:0 erhéijen. Nodeems d’Gäscht an der Suite nach nom Uschlossgol gesicht hunn, huet déi effektiv Lokalekipp an der Schlussphas du kuerze Prozess mat Schëffleng gemaach. Goler vun Nagera, Jorginho an Trani hunn um Enn fir dat däitlecht Resultat gesuergt, woumat Déifferdeng och nom 10. Spilldag un der Tabellespëtzt stoe wäert.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler