BGL LigueDéifferdeng verhënnert duerch Gol a leschter Minutt Néierlag zu Miersch

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war am nationale Futtball den néngte Spilldag vun der BGL Ligue.

Den Opsteiger Miersch ass weiderhin excellent a Form a spillt doheem 1:1 géint den Tabelleleader Déifferdeng. De Mierscher Kapitän Benny Bresch huet op en Neits de Gol fir den Opsteiger markéiert. Déifferdenger konnt an der 95. Minutt duerch e Kappball vum Lamas ausgläichen. Domat bleift den Tabelleleader weider ongeschloen.

D’Victoria Rouspert gewënnt iwwerdeems mam nämmlechte Resultat duerch e spéide Gol vum Yan Bouché géint de Stater Racing.

Péiteng klappt e Sonndeg Monnerech kloer mat 4:0, iwwerdeems Hesper net iwwer en 0:0 doheem géint Käerjeng erauskënnt. Donieft huet den F91 Diddeleng op der Grenz mat 2:1 géint d’Escher Jeunesse gewonnen.

Am spéide Match e Sonndeg huet sech de Progrès Nidderkuer mat 3:2 doheem géint d’Fola duerchgesat.

FC Wolz - UNA Stroossen 2:1
0:1 Pimentel (4'), 1:1 Schroeder (45+2'), 2:1 Klump (53')

Victoria Rouspert - Stater Racing 1:0
1:0 Bouché (82')

Union Titus Péiteng - FC Monnerech 4:0
1:0 Benteke (13'), 2:0 Tekiela (27'), 3:0 Benteke (43'), 4:0 Merk (51')

Swift Hesper - UN Käerjeng 0:0

FC Schëffleng - US Munneref 0:0

Marisca Miersch - FC Déifferdeng 03 1:1
1:0 Bresch (45'), 1:1 Lamas (90+5')

Jeunesse Esch - F91 Diddeleng 1:2
0:1 Van Lingen (5'), 1:1 Lapierrer (14'), 1:2 Fernandes (34')

Progrès Nidderkuer - Fola Esch um 3:2
1:0 Natami (14'), 2:0 Muratovic (20'), 2:1 Omosanya (37'), 3:1 Da Silva Ferreira (57') Selbstgol, 3:2 Jeridi (67') per Eelefmeter

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO