
Déifferdeng huet sech verdéngt mat 2:0 zu Wolz duerchgesat. Den FCD03 huet de ganze Match mat vollem Asaz gespillt. Si hu sech intelligent hannen dra fale gelooss an dunn ëmmer nees séier no vir gespillt. D’Lokalekipp huet dogéint einfach kee Rezept fonnt, fir de Ball an de Filet ze setzen. Dobäi hu si eng ganz Hallschent an Iwwerzuel gespillt. D’Gäscht waren um Enn mat 10 Mann nach méi geféierlech ewéi d’Heemekipp.
Donieft huet e Mëttwoch den Owend nach den RM Hamm Benfica géint d’Etzella Ettelbréck gespillt. Hei gouf et een 1:1-Remis tëscht béiden Ekippen. De Souza hat d’Lokalekipp an der 3. Minutt a Féierung bruecht, ier de Brito 10 Minutten drop den 1:1 geschoss huet.
