Lëtz MileDem Charel Grethen seng Karriär ass e Samschdeg op en Enn gaangen

RTL Lëtzebuerg
Lëtz Mile, déi vu sengem Veräin CSL organiséiert gouf, war dem 33 Joer ale Liichtathlet seng leschten offiziell Course.

D’Lëtz Mile gouf am Kader vum 25. Anniversaire vum CSL, dem gréisste Liichtathletikveräin aus dem Land, zu Éiere vum Charel Grethen organiséiert.

De Mëttelstreckeleefer zitt mat dëser Mile an der Avenue de la Liberté an der Stad e Stréch ënnert seng brillant Karriär.

Dem Charel Grethen seng Karriär ass e Samschdeg op en Enn gaangen
Lëtz Mile, déi vu sengem Veräin CSL organiséiert gouf, war dem 33 Joer ale Liichtathlet seng leschten offiziell Course.

Besonnesch d’Course vun der Elite bei den Häre war mat Top-Leefer staark besat. D’Leefer, déi mat um Depart stoungen, hat de Charel Grethen am Laf vu senger Karriär kennegeléiert. De Louis Gilavert gouf éischten an huet 4:11.1 gebraucht, fir déi 1609 Meter zréckzeleeën.

De Charel Grethen, de Finalist vun den Olympesche Spiller vun Tokio iwwer 1500 Meter, gouf de 5..

D’Course vun den Dame gouf vun der Spuenierin Carla Masip gewonnen. D’CSL-Leeferin Kimperly Chinfatt gouf als 5. déi bescht Lëtzebuergerin virum Carole Kill.

De Charel Grethen ass zum Schluss nach eng Mile zesumme mat Leit, déi hien ënnerstëtz oder begleet hu wärend senger erfollegräicher Karriär gelaf - Dorënner seng Mamm a säi Papp, de Xavier Thillen, de President vum CSL, an de fréiere Champion am Bommstoussen de Bob Bertemes an d’Sprinterin Patrizia van der Weken.

Am ganze stounge 6 Courssen um Programm.

Back to Top
CIM LOGO