
Mam Anthony Moris ass ee Lëtzebuerger an der Kompetitioun mat dobäi. Hien trëfft mat der Union Saint Gilloise doheem op d’AS Roum, Braga, den FK Bodo/Glimt an Nice an auswäerts géint et géint d’Rangers, Fernerbahce, Midtjylland an Twente Enschede.
Donieft muss Manchester United aus der Premier League doheem géint d’Rangers, PAOK Thessaloniki, Bodo/Glimt an Enschede an auswäerts géint Porto, Fernerbahce, Viktoria Pilsen a Bukarest untrieden.
Aus der Bundesliga spillt Eintracht Frankfurt doheem géint Slavia Prag, Ferencváros, Pilsen an den FC RFS an auswäerts géint d’Roma, Lyon, Midtjylland a Besiktas.
De kompletten Iwwerbléck vun alleguer de Partië fannt Dir um Site vun der UEFA.