
D’RTL-Informatiounen hu sech confirméiert. Den Artur Abreu wiesselt no 8 Joer bei Péiteng a Guimarães nees eriwwer bei den FC Déifferdeng 03. Den 29 Joer ale Stiermer, dee beim Futtballclub an der Cité du Fer forméiert gouf, huet beim Veräin vum President Fabrizio Bei e Kontrakt bis Juni 2027 ënnerschriwwen.
D’Reprise am Championnat ass de Weekend vum 11. Februar.