
Den Horst Eckel ass e Freideg am Alter vun 89 Joer gestuerwen. D‘Ikon vum 1. FC Kaiserslautern war deemools beim “Wonner vu Bern” dee jéngste Spiller am Kader vum DFB-Trainer Sepp Herberger. Déi däitsch Nationalequipe hat sech jo 1954 mat enger 3-2 Victoire an der Final géint den deemolege Favorit Ungarn de Weltmeeschterpokal geséchert.