Als Tennis-Wonnerkand gouf d’Schwäizerin an den 90er Jore bekannt. 4 Joer laang souz si um Tennis-Troun. De Roger Federer sot, hien hätt vill vu senger Landsfra geléiert.
Op de Luxembourg Ladies Tennis Masters ass d’Martina Hingis “tête de série”. Déi fréier Ausname-Athletin ass déi éischte Kéier am Grand-Duché. Mir treffe si am Hotel. Um 11 Auer muss den Interview an der Këscht sinn, heescht et vun offizieller Säit. Dann nämlech wëll d’Schwäizerin un enger geféierter Visite duerch d’Stad deelhuelen.
Réckbléck
1997 ass d’Joer vun der Martina Hingis: Mat 16 wënnt si d’Australian Open, Wimbledon an d’US Open. Si gëtt déi jéngst Nummer 1 op der Welt. E Rekord dee si bis haut hält. Op den Tennis wier se virbereet gewiescht, iwwerwältegend wär déi grouss Medienopmierksamkeet an de Rummel no hirer éischter Victoire zu Melbourne, seet di fréier Profi-Spillerin, déi spéider alt och mol wéinst pickegen Aussoe géint Géignerinnen ugeeckt huet.
Nom 1. Récktrëtt mat 22 Joer, kënnt d’Schwäizerin 2 Mol zeréck op d’Tour.
Martina Hingis: “Vom Druck her, das hatte ich erst bei meinem Comeback mit 25. Da hatte ich viel mehr zu verlieren, weil ich hab gedacht mein Rang und Name steht im Vordergrund und wenn ich das nicht bringe, diese Erfolge, dann habe ich viel mehr zu verlieren.”
Am Simpel packt d’Hingis et zréck bis op d’4. Plaz, am Doubel bis un d’Weltspëtzt. 5 Grand Slam Titelen am Simpel, 20 am Doubel... iwwer 100 Profi Tournéier huet d’Martina Hingis gewonnen, souz 4 Joer laang um Tennistroun. Si huet Enn 90er dat gëllent Zäitalter vum Schwäizer Tennis agelaut. 2003 huet de Roger Federer iwwerholl.
Roger Federer huet vu senger Landsfra geléiert
Dat sot de Maestro nodeems hien 2001 zesumme mam Hingis an Australien den Hopman gewonnen huet. Warscheinlech hätt hien domadder d’Professionalitéit, d’Disziplin, den Trainingsopbau an de routinéierten Dagesoflaf gemengt, op déi hir Mamm als Trainerin ëmmer gehalen hätt, esou d’Martina Hingis. Et bräicht méi wéi Talent a Potential, fir et bis ganz uewen hin ze packen.
Federer, Nadal an Djokovic hunn an de leschten 20 Joer am Härentennis dominéiert. Bei den Dammen ass et vill méi en op an of. Social Media géifen de Spiller d’Liewen net mi einfach maachen. Et wär wichteg, datt ee sech net ze vill vun der Aussewelt oflenke loosse géif.
Wimbledon Ausschloss fir russesch a belarussesch Spiller
Als extremen Aschnëtt vun der Politik an de Sport bewäert d’Martina Hingis den Ausschloss vu russeschen a belarussesche Spiller 2022 zu Wimbledon, dat wéinst dem russeschen Ugrëffskrich op d’Ukrain. Si géif hoffen, datt dat Verbuet séier opgehuewe géif.
Coach op der Tour?
Als Coach op der Tour gesäit d’Martina Hingis sech net. Dat villt Reese vu fréier géif hir seele feelen. Virop wéilt si bei hirer klenger Duechter vun 3 Joer sinn. D’Lia géif och scho bëssen Tennis spillen. Der fréierer Ausname-Athletin ass et wichteg, datt hiert Kand vill verschidde Sportaarte léiert. Sollt hatt spéider de Wonsch hu Profi-Spillerin ze ginn, géif si d’Lia och dobäi ënnerstëtzen.
2017 huet d’Martina Hingis hir Karriär definitiv un den Nol gehaangen. Ëmsou méi freet si sech elo beim neie Legenden-Tournoi zu Lëtzebuerg dobäi ze sinn. Wéinst der Kompetitioun, awer nach vill méi fir hir al Frëndinnen erëmzegesinn.