Premier LeagueDen Jordan Henderson as Spiller vum Joer

RTL Lëtzebuerg
Den 30 Joer ale Liverpool-Kapitän, dee mat senger Ekipp Champion gouf, gouf vun der Associatioun vun de Sportjournaliste gewielt.

Hie gouf op éischter Plaz gewielt, virum belsche Mëttelfeldspiller Kevin de Bruyne, virum englesche Stiermer Marcus Rashford a viru senge Matspiller Virgil Van Dijk a Sadio Mané.

Baussent der Top-5 goufen och 10 aner Spiller nominéiert, dovun ënnert anerem den Trent Alexander-Arnold, de Raheem Sterling, den Aaron Wan-Bissaka, de Sergio Agüero oder och nach den Adama Traoré.

Back to Top
CIM LOGO