Futtball-TalentDen Jude Bellingham ënnerschreift bei Borussia Dortmund

RTL Lëtzebuerg
De 17 Joer ale Mëttelfeldspiller vu Birmingham City huet ass fir ronn 25 Millioune Pond bei den däitsche Vizemeeschter gewiesselt.

Dat huet de BVB e Méindeg matgedeelt. De jonke Spiller soll direkt am Profikader zum Asaz kommen. Hie wäert d’Nummer 22 kréien.

Vill europäesch Veräiner hu sech staark fir de Bellingham interesséiert, dovunner och ënnert anerem den FC Bayern München. Dortmund erhofft sech vum Bellingham eng änlech Entwécklung wéi beim Jadon Sancho, deen och mat 17 Joer vu Manchester City komm war a lo zu deene beschte jonke Spiller aus Europa gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO