
De Vitor Pereira hat jo nom 3. Spilldag d’Handduch als Trainer beim Opsteiger gehäit. Den Nedzib Selimovic wäert an Zukunft um Trainerstull zu Rodange sëtzen.
Fir d’lescht haten den Domenico Micarelli an de Stefano Marinelli den Interim gemaach.
De 55 Joer ale Selimovic ass keen Onbekannten am Lëtzebuerger Futtball. Hie stoung fir d’lescht bei Käl-Téiteng an der Verantwortung.