Récktrëtt vum RécktrëttDen Tom Brady hänkt nach eng Saison dru bei den Tampa Bay Buccaneers

RTL Lëtzebuerg
Nëmme 40 Deeg nodeems en ugekënnegt hat sech aus der NFL als aktive Spiller zeréckzezéien, huet en sech et elo wuel anescht iwwerluecht.

De Quarterback, deen an 22 Joer 7 mol de Super Bowl gewanne konnt, wëll e weidert Joer drun hänken. En hätt an de leschten 2 Méint festgestallt, dass seng Plaz nach ëmmer um Terrain wier, an net op der Tribün, esou de Brady an engem Post op de soziale Medien.

Back to Top
CIM LOGO