Olympesch WanterspillerDenise Herrmann huet iwwerraschend Gold am Biathlon gewonnen

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi zweet Goldmedail fir Däitschland bei den Olympesche Wanterspiller vu Peking.

Am Biathlon bei den Damme krut d’Denise Herrmann aus Däitschland d’Goldmedail am Eenzel iwwer 15 Kilometer. Déi 33 Joer al Biathletin aus Oberwiesenthal huet et als zweet däitsch Wantersportlerin en olympeschen Dubbel mat Medailen an zwou verschiddene Sportaarten realiséiert. 2014 an Sotschi huet si d’Bronzemedail mat der Langlaf-Staffel gewonnen an elo Gold am Biathlon-Eenzel.

D’Sëlwermedail krut Anaïs Chevalier-Bouchet aus Frankräich an d’Marte Olsbu Røiseland aus Norwegen huet d’Bronzemedail gewonnen.

TOP10

Back to Top
CIM LOGO