
Eng vun de gréissten Tennisspillerinne vun allen Zäiten huet hir Rackett un de berüümte Nol gehaangen. D’Serena Williams hat hire leschten Optrëtt bei den US Open zu New York am zweeten Tour géint d’Australierin Ajla Tomljanovic. 1999 huet déi haut 41 Joer al US-Amerikanerin hiren éischte vun am ganzen 23 Grand-Slam-Titele gewonnen. An all deene Joren huet och d’Lëtzebuergerin Mandy Minella de Wee vun der Tennislegend gekräizt.
E ganz spezielle Moment war do 2013. D’Mandy Minella huet am éischten Tour vum Haapttableau zu Wimbeldon um hellege Wues vum Center Court géint d’Serena Williams gespillt an ka sech haut nach gutt un deemools erënneren:
“Dat waren natierlech ongleeflech Momenter. Ech war awer natierlech och iwwerfuerdert mat der Situatioun.”D’Serena Williams huet siwemol zu Wimbledon gewonnen. D’Mandy Minella huet als Kand schonn d’Serena an hir méi al Schwëster Venus suivéiert:
“Dat waren esou richteg Tennisspillerinnen op déi een eropgekuckt huet an ech hätt mir ni kéinte virstellen iwwerhaapt géint si ze spillen. A wou ech als Junior an Australien war, hunn ech si och live gesinn an herno, wann een um Circuit ass, an hinnen ëmmer nees iwwert de Wee leeft.”
Véiermol huet déi 41 Joer al US-Amerikanerin eng Goldmedail op Olympesche Spiller gewonnen, eemol am Eenzel, 2012 zu London, an dräimol mat hirer Schwëster am Dubbel. 319 Woche stoung d’Tennis-Ikon un der Spëtzt vun der Weltranglëscht. An dach ass d’Serena Williams ëmmer abordabel bliwwen, seet d’Mandy Minella:
“Et ass witzeg, well hatt ass am Fong ganz einfach a fein, och wann hatt eben de Superstar ass an déi ganzen Zäit Leit eppes vun him wëllen. Mä effektiv, wann een e rouege Moment mat him kritt, deen ech och effektiv mat him krut an Australien an der Kannercrèche, hatt souz do mat sengem Meedchen an ech mat mengem an do hu mer effektiv iwwer ganz puupsnormal Saache geschwat.”
Och wann d’australesch Tennislegend Magaret Court de Rekord vu 24 Grand-Slam-Victoirë behält, esou ass fir déi fréier Nummer 66 an der Weltranglëscht d’Serena Williams déi gréisste Spillerin vun allen Zäiten:
“Hatt huet sech do iwwert e puer Tennisgeneratiounen duerchgesat an d’Konkurrenz ass ëmmer méi grouss ginn.”
D’Serena Williams wëll vun elo u wëssen, wéi et sech ufillt wann een opsteet an net direkt an de Fitness muss goen. Dat ka si dann zanter dësem Weekend erausfannen. Lo waart da Moies net méi de Fitness, mä hir 5 Joer al Duechter Olympia.