Futtball-EMDer Schwäiz geléngt déi grouss Iwwerraschung géint Frankräich

RTL Lëtzebuerg
No enger staarker Leeschtung sëtzt sech d'Schwäiz no Eelefmeterschéissen géint Frankräich duerch. Spuenien klappt Kroatien mat 5:3 no Verlängerung.

Am éischte Match vum Owend ass de Favorit aus Spuenien op Kroatien getraff. Nodeems Spuenien no engem Aussetzer vum Unai Simon fréi a Réckstand geroden ass, konnten se de Match duerch Goler vum Sarabia, Azpilicueta a Ferran Torres dréinen. Mee Kroatien hat sech ni opginn an an der Schlussphase konnten se duerch 2 Goler tatsächlech nach op 3:3 ausgläichen. An der Verlängerung huet Spuenien mat 2 Goler an 3 Minutten alles kloer gemaach a steet verdéngt an der Véierelsfinall.

An do treffen se iwwerraschend op d’Schwäiz déi géint de Weltmeeschter aus Frankräich gewanne konnten. Nodeems d’Schwäiz an der Paus a Féierung louch, konnt Frankräich de Match an den zweete 45 Minutten op 3:1 dréinen. Mee d’Schwäiz hat sech net opginn an huet an der Schlussphase nach op 3:3 gestallt. Nodeems an der Verlängerung kengem méi e Gol gelongen ass, ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen. Do huet de Sommer den entscheedenden Eelefmeter vum Mbappé gehalen a soumat steet d’Schwäiz an der 1/4-Finall.

EM-Journal vum Serge Olmo

D’Resuméë vun de Matcher

Kroatien - Spuenien 3:5 n.V.
1:0 Unai Simon (20.’, Eegegol), 1:1 Sarabia (38.’), 1:2 Azpilicueta (57.’), 1:3 Ferran Torres (77.’), 2:3 Orsic (85.’), 3:3 Pasalic (90.+2.’), 3:4 Morata (100.’), 3:5 Oyarzabal (103.’)

Spuenien ass gutt an de Match gestart an hat an den éischten 20 Minutten zwou ganz grouss Chancen. Eemol ass de Koke an der 16. Minutt um Livakovic hänke bliwwen an nëmmen 3 Minutte méi spéit war et de Morata deen aus kuerzer Distanz op de Gol gekäppt huet mee de Vida konnt de Ball blocken. An der 20. Minutt konnt Kroatien dann awer duerch e grave Feeler vum Unai Simon a Féierung goen. De Pedri wollt de Ball aus dem Mëttelfeld op säi Golkipper zeréck spillen, mee deem ass de Ball iwwert de Fouss gerutscht a soumat hannert em an de Gol gerullt. Spuenien war kuerz geschockt mee sinn an de Minutten dono ëmmer méi staark ginn. An der 38. Minutt konnten se dann och duerch de Sarabia ausgläichen.

No der Paus war Spuenien déi spillbestëmmend Ekipp sou dat et hinnen an der 57. Minutt gelongen ass a Féierung ze goen. Vu lénks huet de Ferran Torres an d’Mëtt geflankt an do war et den Azpilicueta dee säin éischte Gol an der Nationalekipp schéisse konnt. Nodeems Kroatien kuerz Drock gemaach huet an eng gutt Chance duerch de Vlasic hat, konnt Spuenien an der 77. Minutt duerch de Ferran Torres op 3:1 erhéijen. An der 85. Minutt ass et de Kroaten awer nach gelongen aus dem Gewulls eraus den 2:3 duerch den Orsic ze schéissen. An der 92. Minutt ass et hinnen dann nach tatsächlech gelongen duerch de Pasalic den 3:3 ze schéissen an et ass an d’Verlängerung gaangen.

An der Verlängerung huet Kroatien direkt Drock op de 4:3 gemaach an haten eng riseg Chance mee an der 100. Minutt huet Spuenien seng éischt grouss Chance duerch de Morata direkt genotzt an ass nees a Féierung gaangen. Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet den Oyarzabal op 5:3 erhéicht an huet domadder alles kloer gemaach.

Frankräich - Schwäiz 7:8 n.E.
0:1 Seferovic (15.’), 1:1 Benzema (57.’), 2:1 Benzema (59.’), 3:1 Pogba (75.’), 3:2 Seferovic (81.’), 3:3 Gavranovic (90.’)

Frankräich ass wéi erwaart dominant an de Match gestart mee och d’Schwäiz huet sech net verstoppt a sinn ëmmer mol nees bis bei de Gol vum Lloris komm. An der 15. Minutt ass de Schwäizer dann och d’Iwwerraschung gelongen wéi den Zuber eng schéi Flank an d’Mëtt geschloen huet an de Seferovic huet de Ball perfekt an de lénksen Eck gekäppt. Och nom Gol war d’Bild dat nämmlecht a Frankräich war spillbestëmmend. D’Schwäizer stoungen defensiv allerdéngs gutt, hunn net vill zougelooss an esou hu sech d’Fransousen immens schwéier gedoen.

No der Paus ass et driwwer an drënner gaangen. An der 55. Minutt hat d’Schwäiz déi grouss Chance op den 2:0 mee de Lloris huet en Eelefmeter vum Rodriguez gehalen. Nëmmen 2 Minutte méi spéit huet Frankräich dunn ausgeglach duerch e Gol vum Benzema nodeems e sech de Ball selwer mat der Hack virgeluecht huet. Nach eng kéier just 2 Minutte méi spéit huet de Benzema mat sengem zweete Gol Frankräich a Féierung bruecht. Dono ass Frankräich däitlech besser opgetrueden wéi an der éischter Hallschent an huet d’Entscheedung gesicht. An der 75. Minutt huet de Pogba säi ganzt Kënnen ënner Beweis gestallt an huet de Ball aus iwwer 20 Meter an de rietse Wénkel geschweesst. D’Schwäiz wollt sech awer net sou einfach opginn an ass an der 81. Minutt duerch de Seferovic nach eng kéier op 2:3 erukomm. D’Schwäizer hu sech geduecht dat se et de Kroaten missten nomaachen an hunn an der 90. Minutt tatsächlech nach géint de Weltmeeschter ausgeglach sou dat et och an dësem Match an d’Verlängerung gaangen ass.

An der Verlängerung ware béid Ekippen kierperlech midd a ware spilleresch gläich op. Et goufe nach e puer Chancen mee kenger Ekipp sollt nach e weidere Gol geléngen sou dat et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass. Hei huet den Mbappé den entscheedenden Eelefmeter verschoss a soumat ass den aktuelle Weltmeeschter a grousse Favorit op den Titel aus Frankräich ausgescheet.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO