Champions League QualifikatiounD'Escher Fola kritt et mat Sheriff Tiraspol aus Moldawien ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg de Mëtte war zu Nyon den Tirage vun der 1. Qualifikatiounsronn vun der neier Champions League Saison.
Reaktioun vum Fola-Trainer Sébastien Grandjean
D’Escher Fola kritt et an der Champions League Qualifikatioun mat Sheriff Tiraspol aus Moldawien ze dinn.

D’Lous huet erginn, dass d’Fola et auswäerts mat Sheriff Tiraspol aus Moldawien ze dinn kritt. Anescht wéi gewinnt, ginn des Matcher des Kéier nom K.O.-System gespillt. Et gëtt also kee Retourmatch um Gaalgebierg.

Falls d’Escher Fola sollt eliminéiert ginn, kënnt d’Doyenne an déi 2. Qualifikatiounsronn vun der Europa League.

Programméiert ass déi éischt Qualifikatiounsronn vun der Champions League den 18. an 19. August.

Back to Top
CIM LOGO