NBADetroit Pistons als lescht Ekipp an de Playoffs

RTL Lëtzebuerg
An an der NBA ass déi normal Saison no 82 Matcher op en Enn komm. E Samschdeg starten dann d’Playoffs, an déi et 16 Equippen gepackt hunn.

Als Lescht Ekipp hunn an der Nuecht op en Donneschdeg d’Detroit Pistons et nach an d’Playoffs gepackt.
De Champion vun de Golden State Warriors kritt et am éischten Tour elo mat den Los Angeles Clippers ze dinn.

Mat 60 Victoiren sinn awer d’Milwaukee Bucks déi bescht Equippe vun der regulärer Saison gewiescht. Si spillen elo géint d’Pistons.

Wee spillt géint wien?

Western Conference:

Golden State Warriors - LA Clippers
Portland Trailblazers - Oklahoma City Thunder
Houston Rockets - Utah Jazz
Denver Nuggets - San Antonio Spurs

Estern Conference:

Milwaukee Bucks - Detroit Pistons
Toronto Raptors - Orlando Magic
Philadelphia 76ers - Brooklyn Nets
Boston Celtics - Indiana Pacers

Back to Top
CIM LOGO