VIDEOEN: BasketD'Etzella wënnt och den 2. Match an Diddeleng gläicht aus

RTL Lëtzebuerg
D'Etzella klappt Steesel auswäerts mat 77:73 a baut seng Féierung aus. Diddeleng klappt de Basket Esch mat 102:91 a gläicht domadder aus.
© Philippe Calmes

Um Samschdeg den Owend stounge bei den Hären déi 2. Halleffinallen, déi am Modus “Best-of-five” gespillt ginn, um Programm. Hei konnt Diddeleng géint Esch gewannen an domadder ausgläichen. De Favorit vun dësem Joer, Etzella, konnt och säin 2. Match gewannen a kéint um Mëttwoch schonn alles kloer maachen fir an d’Finall ze zéien.

Häre-Basket

Amicale Steesel -Etzella 73:77

Etzella konnt bei der Amicale déi 2. Halleffinall wannen
Steesel konnt och bei der 2. Halleffinall net wannen.

Tëscht der Amicale an der Etzella kruten d’Spectateuren en immens spannende Match ze gesinn wëll am éischte Saz louch Steesel nach mat 23:19 a Féierung. Mee d’Etzella wollt nom 1. och dësen 2. Match gewannen an hunn dëse Réckstand am 2. Véierel nees opgeholl sou dat et mat engem 42:42 an d’Paus gaangen ass. No der Paus hunn d’Gäscht dunn d’Muskele spille gelooss. Se hunn de Steeseler net vill Raum gelooss an nëmmen 9 Punkten zougelooss. Ettelbréck sëlwer dogéint huet der 20 markéiert. D’Amicale wollt sech awer net sou einfach geschloe ginn an huet am leschte Véierel nach eng kéier den Tempo ugezunn wouduerch se de Match och nach eng kéier méi spannend gemaach hunn. D’Etzella huet seng Féierung awer behalen a gewënnt mat 77:73.

T71 Diddeleng - Basket Esch 102:91

Diddeleng klappt Esch
An der Total League konnt sech den T71 géint de Basket Esch behaapten.

An der éischter Halschent war et en immens enke Match tëscht deenen zwou Ekippen. Et huet keen deem aneren eppes geschenkt sou dat nom 1. Véierel Esch just en Avantage vun 1 Punkt hat. Am 2. Véierel hunn se dann allen zwee ganz staark opgespillt an hunn allen zwee 31 Punkten markéiert. Bei den Diddelenger war et virun allem de Miles Jackson-Cartwright deen e ganz staarken Owend erwëscht huet an dofir gesuergt huet dat sech Diddeleng no der Paus kloer ofsetze konnt. Den 3. Véierel konnten se mat 28:18 fir sech entscheeden a soumat a Féierung goen. Och am 4. Véierel huet Diddeleng näischt méi ubrenne gelooss an huet d’Féierung bis zum Schluss gehalen. Beschte Spiller um Terrain war wéi schonn erwähnt de Miles Jackson-Cartwright mat 38 Punkten a 5 Assists.

Playdown

Hesper - Zolwer 96:73
Walfer - Musel-Pikes 88:94
Konter - Kordall Steelers 105:68
Fiels - Hiefnech 85:101

Damme-Basket

Konter - Steesel 76:87

Et war en immens spannende Match mee déi Steeseler waren ëmmer e Schrëtt viraus a konnten hire Virsprong soumat konstant ausbauen. Um Enn gewënnt Steesel dann och verdéngt mat 87:76.

Musel-Pikes - Etzella 65:71

D’Etzella ass immens gutt an de Match gestart a konnt sech nom éischte Véierel direkt e Virsprong vu 9 Punkten erausspillen. An den zweeten 10 Minutten haten awer béid Ekippen Problemer de Kuerf ze treffen a konnte just 10 (Musel-Pikes) respektiv 11 Punkte markéieren. No der Paus haten se dee Problem awer ofgeluecht an d’Musel-Pikes si bis op 1 Punkt nees eru komm.

T71 Diddeleng - Gréngewald 64:72

Nodeems den éischte Véierel zimlech ausgeglach war, huet Diddeleng am zweete Véierel den Tempo ugezunn a konnten dësen mat 21:11 fir sech entscheeden. No der Paus huet de Gréngewald awer dogéint gehalen a konnt de Réckstand däitlech verkierzen sou dat se am Ufank vum leschte Véierel souguer a Féierung gaange sinn. Dëse leschte Véierel war dann och extrem emkämpft an d’Partie war extrem spannend. Am Schluss konnt de Gréngewald awer dovun zéien a gewënnt mat 72:64.

Alleguer d’Resultater am Iwwerbléck

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket
LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

Back to Top
CIM LOGO