
Am Basket stoung um Samschdeg de leschte Spilldag virun de Playoffs um Programm. Opgrond vu Matcher, déi duerch positiv Corona-Fäll ausgefall sinn, gëtt et awer nach eng ganz Rei Matcher, déi mussen nogespillt ginn.
De Basket Esch wënnt däitlech mat 103:61 géint Hiefenech. D’Musel Pikes zéie mat 67:75 géint Steesel de Kierzeren. Den T71 Diddeleng huet de Spëtzematch géint den Tabelleleader Ettelbréck gewonnen. Déi Diddelenger hunn nach 3 Matcher ze spillen a kënnen an der Tabell nach e puer Plaze klammen. Fir Contern gouf et eng däitlech Victoire vun 101:57 géint den Telstar Hesper.
Bei den Damme gouf de Weekend kee Basket gespillt. D’Amicale Steesel konnt wéinst Coronainfektiounen net méi an den Halleffinalle géint Diddeleng untrieden. E Mëttwoch gëtt déi éischt Finall an der Best-of-Three-Serie tëscht dem T71 a Walfer gespillt.
Basket Esch - US Hiefenech 103:61 (26:18, 26:11, 22:10, 29:22)
Musel-Pikes - Amicale Steesel 67:75 (16:9, 18:28, 13:23, 20:17)
T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 93:72 (32:18, 22:21, 18:27, 21:7)
AB Contern - Telstar Hesper 101:57 (29:25, 19:12, 30:16, 23:4)
