3 jonk Sportlerinne ginn Dag fir Dag zesummen op den Training. Si praktizéieren déi selwecht Sportaart, den Triathlon. Si hunn dee selwechte Familljennumm Krombach.
De Papp, de Christian Krombach, war 5 Mol nationale Meeschter am Triathlon an am Marathon an 2 Mol huet hien den Ironman op Hawaii bezwongen. D’Groussmamm Rita Krombach war e puer Mol Championne am Triathlon an am Marathon, hat Rekorder am Schwammen a war Federatioun-Cup-Spillerin am Tennis.
D’Mara Krombach stoung d’lescht Joer am Alter vu 16 Joer um Podium vum European Youth Cup an huet sech den Europameeschtertitel bei de Juniorinne geséchert. Och déi 2 respektiv 4 Joer méi jonk Schwëstere sinn an hiren Alterskategorien erfollegräich. D’Mara huet awer mat hirer Leeschtung d’Lat héich geluecht an der Famill.
D’Groussmamm mat 9 Enkelkanner spillt eng wichteg Roll an der Famill. Gëtt Rotschléi an Ënnerstëtzung, hëlleft beim Transport a bei den Hausaufgaben.
3 Kanner an enger Famill, déi eng Sportaart praktizéieren, déi aus 3 Disziplinnen besteet a bei deenen de Kompetitiounsgeescht staark entwéckelt ass, dat ass eng dagdeeglech Erausfuerderung fir d’Elteren.
Och de Benevolat zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d’Famill. De Papp ass scho jorelaang als Benevole an der Triathlonfederatioun engagéiert an dat schonn ier d’Kanner am Triathlon aktiv waren.
D’Rita Kromach bezeechent sech selwer als professionelle Benevollen. Sieft et als Trainerin an der Liichtathletik, als COSL-Member, als Matgrënner vun der Triathlonfederatioun oder als Croix-Rouge-Presidentin.
D’Chancë si grouss, dass an der Vitrinn vun der Sportswelt den Numm Krombach nach dacks wäert stoen.