
D’Finall kéint deen Ament de 4. Juli zu Berlin gespillt ginn, dat huet den DFB e Méindeg offiziell matgedeelt.
Dann huet den DFB och nach decidéiert, datt an der drëtter Liga de Spillbetrib de Weekend vum 26. Mee nees soll ufänken. An der drëtter Liga spillt jo och den FLF-Nationalspiller Maurice Deville beim Tabellenzweete Waldhof Mannheim.
