
De Basket Esch wënnt mat 91:75 beim Opsteiger Hiefenech. D’Gäscht hu sech fréi am Match e Virsprong erkämpft a louchen an der Paus 49:36 vir. Hiefenech huet de Réckstand am drëtte Véierel mat e puer Dräier verkierzt, konnt sech awer zu kengem Moment nees un de Géigner eruntaaschten. Bei de Gäscht hunn de Quinten Nelson mat 24 an den Thomas Grün mat 20 Punkten am beschte getraff.
De Leader Etzella Ettelbréck bleift als eenzeg Ekipp ongeschloen. Auswäerts huet d’Ekipp vum Trainer Gavin Love sech op der Musel fréi e Virsprong erausgespillt a louch no knapp 5 Minutten 18:3 a Féierung. D’Gäscht hunn de Match dominéiert a wannen um Enn mat 88:64, dobäi hu 5 Spiller tëschent 12 an 19 Punkte markéiert.
D’Arantia Fiels huet zu Diddeleng scho wéi de séchere Gewënner ausgesinn, wéi d’Gäscht 6 Minutte viru Schluss mat 14 Punkten a Féierung louchen. Ma Diddeleng huet net opginn an dofir gesuergt, dass de Match nach emol spannend gouf. Um Enn wënnt d’Fiels mat 82:79 an zitt mam Géigner an der Tabell gläich. De Kiandre Gaddy konnt mat 37 Punkten a 14 Rebounden iwwerzeegen.
Um Dënschdeg hat sech de Champion Steesel kloer mat 97:70 géint Munneref duerchgesat, Conter huet Mamer mat 84:72 geklappt. De Match Walfer - Bartreng gëtt am Dezember gespillt.