BGL LigueD'Fola gewënnt a leschter Sekonn an Ënnerzuel zu Miersch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend gouf den Nodrosmatch tëscht dem Marisca Miersch an der Fola gespillt. Heibäi gouf et eng 1:0-Victoire fir d'Gäscht aus dem Minett.

Zu Miersch kruten d’Spectateuren eng intensiv éischt Hallschent ze gesinn, an där Golchancë rar geseet waren. Et waren awer d’Haushären, déi besser an de Match gestart sinn an déi de Spilltempo bestëmmt hunn. Allerdéngs sollt op Säite vun de Mierscher kee Ball säi Wee an de Gol vun der Escher Fola fannen. Weder de Meyong, nach de Bresch konnten zwéngend genuch virum Gol vum Cabral opdauchen. D’Fola konnt an der éischter Hallschent just wéineg Akzenter am Stuerm setzen a wann d’Minetter mol eng Kéier geféierlech virum Mierscher Gol opgedaucht sinn, dann iwwert e rouende Ball. Ouni Goler huet den Arbitter deemno béid Formatiounen op den Téi geschéckt.

Nom Téi ass et änlech virugaangen, ewéi an der éischter Hallschent. Miersch huet de Match bestëmmt, mä esou richteg geféierlech konnte Bresch a Co. net virum géigneresche Gol opdauchen. A wann d’Mierscher eng Golchance verbuche konnten, da konnt de Cabral am Gol vun der Escher Fola d’Situatioun entschäerfen. An der 64. Minutt hu sech d’Escher duerch déi Giel/Rout-Kaart vum Camara du selwer geschwächt. Vun do un ass de Match just nach an eng Richtung gaangen. Miersch huet op den éischte Gol gedréckt, mä dee sollt a leschter Sekonn op Säite vun der Escher Fola falen. Et war de Flick, dee mat sengem Noschoss an der 93. Minutt den 1:0 fir d’Fola markéiere konnt an dofir gesuergt huet, datt e Mëttwochowend dräi Punkte mat an de Minett geholl ginn.

Den Iwwerbléck vum Resultat vum Nodrosmatch
Marisca Miersch - CS Fola Esch 0:1
0:1 Flick (90'+3)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO