UEFA Europa LeagueDiddeleng a Grupp A mat FC Sevilla, Apoel Nikosia a Qarabag

RTL Lëtzebuerg
Um 13 Auer goufen d'Gruppe vun der Europa League ausgeloust. Den F91 Diddeleng kritt et am Grupp A mat dem FC Sevilla, Apoel Nikosia a Qarabag ze dinn.
Diddeleng a Grupp A mat FC Sevilla, Nikosia a Qarabag
Um 13 Auer goufen d’Gruppe vun der Europa League ausgeloust. Den F91 Diddeleng kritt et am Grupp A mat dem FC Sevilla, Apoel Nikosia a Qarabag ze dinn.

Reaktioune vum F91 no der Auslousung / Rep. Franky Hippert

Nodeems den F91 Diddeleng zejoert jo an enger Grupp mat Olympiakos Piräus, dem AC Mailand a Betis Sevilla stoung, duerft ee gespaant sinn, wéi eng Géigner dëst Joer op de Veräin aus der BGL-Ligue waarden.

Et soll ee kee spatze Mëndchen maachen, ma attraktiv gesäit awer anescht aus. Vum sportlechen hir, kéint et awer interessant ginn.

An der Gruppephase an der Europa League ass den F91 Diddeleng an de Grupp A geloust ginn, wou een et mam FC Sevilla aus Spuenien, Apoel Nikosia aus Zypern, an Qarabag aus dem Aserbaidschan ze di kritt.

No Betis zejoert ass et also dëst Joer den FC Sevilla. Mat 3 Victoiren an der Europa League hannerteneen an de Joren 2014, 15 a 16, hält de spueneschen Traditiounsclub och domat de Rekord. De Spiller Ricky Delgado ka virun allem de 24. Oktober kaum erwaarden, well da geet et fir den F91 a Richtung Sevilla an do wäert nees een onvergiesslechen Owend op de Veräin aus dem Grand-Duché waarden.

Géint Apoel hat den F91 sech virun zwee Joer an der Champions League Qualifikatioun knapp misse geschloe ginn. Géint Qarabag haten déi Diddelenger virun 3 Joer an der Kinneksklass no enger Defaite auswäerts, heiheem gläichgespillt.

De Manou Goergen Comitésmember bei der Ekipp aus der Forge du Sud, dee sech elo nees ëm d’Organisatioun fir säi Veräin këmmert, war e Freideg de Mëtteg zu Monaco bei der Auslousung dobäi. Och wann elo kee ganz groussen Numm am Grupp vum F91 ass, ass sportlech gesinn den Niveau awer ganz gutt, sou de Manou Goergen.

Am Grupp B ass Dynamo Kiew mam FLF-Nationalspiller Gerson Rodrigues. Do heeschen d’Géigner Kopenhagen, Malmö an Lugano.

D’Young Boys Bern mam Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins kréien et am Grupp G mam FC Porto, Feyernoord Rotterdam an de Glasgow Rangers ze dinn.

Iwwregens gouf den Eden Hazard vum FC Chelsea, elo Real Madrid, zum Europa-League-Spiller vun der Saison 2018 gewielt.

Spillplang vum F91 Diddeleng

19. September: Apoel Nikosia - F91 Diddeleng 18.55 Auer

3. Oktober: F91 Diddeleng - Qarabag 21 Auer

24. Oktober: FC Sevilla - F91 Diddeleng 21 Auer

7. November: F91 Diddeleng - FC Sevilla 18.55 Auer

28. November: F91 Diddeleng - Apoel Nikosia 21 Auer

12. Dezember: Qarabag - F91 Diddeleng 18.55 Auer

Auslousung

Grupp A

FC Sevilla

Apoel Nikosia

Qarabag FK

F91 Diddeleng

Grupp B

FC Dynamo Kiew

FC Kopenhagen

Malmö FF

FC Lugano

Grupp C

FC Basel

FC Krasnodar

Getafe CF

Trabzonspor

Grupp D

Sporting Club de Portugal

PSV Eindhoven

Rosenborg Trondheim

LASK Linz

Grupp E

S.S. Lazio

Celtic Glasgow

Stade Rennes FC

CFR Cluj

Grupp F

Arsenal London

Eintracht Frankfurt

Standard Liège

Vitoria SC

Grupp G

FC Porto

BSC Young Boys Bern

Feyenoord Rotterdam

Glasgow Rangers

Grupp H

ZSKA Moskau

FC Ludogorets

Espanyol Barcelona

Ferencvaros TC

Grupp I

VFL Wolfsburg

KAA Gent

AS Saint-Etienne

FC Olexandriya

Grupp J

AS Roum

Borussia Mönchengladbach

Istanbul Basaksehir

Wolfsberg AC

Grupp K

Besiktas Istanbul

SC Braga

Wolverhampton Wanderers

Slovan Bratislava

Grupp L

Manchester United

FC Astana

Partizan Belgrad

AZ Alkmaar

Wéini gëtt gespillt?

© Val Wagner

D’Matcher vun der Gruppephas sinn ugesat fir folgend Datumer:

1. Spilldag: 19. September
2. Spilldag: 3. Oktober
3. Spilldag: 24. Oktober
4. Spilldag: 7. November
5. Spilldag: 28. November
6. Spilldag: 12. Dezember

D’Finall ass den 27. Mee zu Danzeg a Polen.

Hei déi verschidden Ekippen, déi et an d’Gruppephas gepackt hunn

Dëppen 1: FC Sevilla, Arsenal, FC Porto, AS Roma, Manchester United, Dynamo Kiew, Besiktas, FC Basel, Sporting Lissabon, ZSKA Moskau, Wolfsburg, Lazio Rom

Dëppen 2: PSV Eindhoven, Krasnodar, Celtic, FC Kopenhagen, Braga, Gent, Mönchengladbach, Young Boys, Astana, Ludogorets, APOEL Nikosia, Frankfurt

Dëppen 3: Saint-Etienne, Agdam, Feyenoord, Getafe, Espanyol Barcelona, Malmö, Partizan Belgrad, Standard Lüttich, Wolverhampton, Stade Rennes, Rosenborg, Istanbul Basaksehir

Dëppen 4: Alkmaar, Vitoria Guimaraes, Trabzonspor, Olexandrija, F91 Diddeleng, LASK, WAC, Slovan Bratislava, Lugano, Glasgow Rangers, Cluj, Ferencvaros

Back to Top
CIM LOGO