Coupe am HandballDiddeleng géint Käerjeng a Bierchem géint Esch an den 1/2-Finallen

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen treffen dogéint de Chef Dikrech op den HB Museldall an den HC Käerjeng op den HB Esch.

An der Paus vun engem Preparatiounsmatch fir EM-Qualifikatioun goufen e Freideg den Owend d’Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg am Handball ausgeloust. Bei den Hären ginn et direkt zwee Spëtzematcher mat Diddeleng-Käerjeng a Bierchem-Esch. Bei den Dammen trëfft Dikrech op de Museldall a Käerjeng kritt et mat Esch ze dinn, woubäi déi Escher Dammen hei en Avantage vun 3 Goler hunn. D’Halleffinalle ginn an der Coque de 27. respektiv den 28. Februar gespillt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Coupe am Handball

Back to Top
CIM LOGO