
Um Samschdeg war et den Optakt vum 3. Spilldag am nationale Futtball-Championnat.
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
Progrès Nidderkuer - F91 Diddeleng 1:2
0:1 Muratovic (9'), 1:1 Silaj (68'), 1:2 Schaus (87')
Béid Ekippen hu mat 100 à l’heure ugefaangen. Den F91 huet an der 9. Minutt dunn den 1:0 geschoss. No enger Flank vum Kerkhof stoung de Muratovic genee richteg a kann no enger Dréiung de Ball an de Filet setzen. Ëmmer erëm huet de Progès versicht, de Ball séier lafen ze loossen, wat hinnen och des Ëftere gutt gelongen ass. An esou war et an der 37. Minutt eng riseg Chance fir de Luisi, den Delgado am Diddelenger Gol kann awer an allerleschter Sekonn retten. Eng flott éischt Hallschent.
Nom Téi ass et do weider gaangen, wou béid Ekippen opgehalen hunn. De Progrès huet vun Ufank un de Wee Richtung Diddelenger Gol gesicht. Den Habbas huet aus 18 Meter ofgezunn, mee hie sollt just de Potto treffen. Kuer dorops war et dem Luisi säi Schoss, dee säin Zil nëmmen ëm e puer Zentimeter verfeelt huet. No engem Corner vum Tekiela huet de Silaj dunn awer an der 68. Minutt den net onverdéngten Ausgläich fir de Progrès markéiert. An engem intensive Match war et an der 72. Minutt den Trainer vun den Diddelenger dee glat Rout krut. Wat de Fangueiro dem Arbitter gesot huet, wësse mer allerdéngs net. Kools a Kirch hate weider gutt Chancë fir Diddeleng. 3 Minutte viru Schluss huet dunn de Schaus tatsächlech nach den 2:1 fir den F91 geschoss. Bei dësem Resultat sollt et och bleiwen.
CS Fola Esch - Una Stroossen 4:1
1:0 Bensi (7'), 2:0 Hadji (42'), 3:0 Bensi (53'), 4:0 Hadji (66'), 4:1 Ruzgis (85')
Direkt no 2 Minutte war et de Ouassiero, deen déi éischt gutt Chance fir d’Fola hat. 5 Minutte méi spéit huet et dunn am Gol vun deene Stroossener gerabbelt. De Bensi huet no engem Konter de Gol konnte markéieren. D’Lokalekipp huet am weidere Spillverlaf de Wee no vir gesicht, ma konnt hir gutt Chancen net notzen. An der 36. Minutt kruten d’Gäscht no engem Handspill vum Dikaba een Eelefmeter. De Runser verpasst et allerdéngs, den Ausgläich ze markéieren a schéisst de Ball dolaanscht. An esou ass et komm, wéi et komme misst. An der 42. Minutt huet den Hadji kuerz virun der Paus de Score op 2:0 fir d’Fola geschrauft.
Och an der 2. Hallschent hunn déi 272 Spectateuren um Gaalgebierg een änlecht Bild gesinn. Bensi a Hadji hunn d’Stroossener souzesoen eleng ausernee geholl. Kuerz nom 2. perséinleche Gol vum Bensi an der 53. Minutt ass de Lëtzebuerger ausgewiesselt ginn. An der 66. Minutt huet den Hadji e Fräistouss direkt an de Filet gesat. Bis op den Uschlossgol an der 85. Minutt vum Ruzgis ass der UNA net méi vill gelongen. Eng verdéngte Victoire fir d’Lokalekipp.
