VIDEO: BGL LigueDiddeleng léisst Déifferdeng keng Chance - Fola neien Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Donierft iwwerrennt d'Fola Munneref, Stroossen klappt Hamm Benfica an Ettelbréck a Nidderkuer spille gläich.
© Kevin Estebanez

Duerch d’Victoire vun der Fola géint Munneref iwwerhuelen se, nom 1:1 tëscht der Jeunesse a Rëmeleng, d’Jeunesse an der Tabell a sinn neie Leader.

Et ass spannend an der BGL-Ligue: Reportage Jeff Kettenmeyer

Déifferdeng 03 - F91 Diddeleng 0:4

Diddeleng hat déi éischt Halschent an der Hand a war déi besser Ekipp mee trotz allem haten se och net déi ganz grouss Chancen an awer waren se schonn 2:0 an der Paus vir. Beim 1:0 hat de Golkipper Weber vun Déifferdeng groussen Undeel. De Couturier huet e ganz ongeféierleche Ball vu lénks an d’Mëtt ginn mee de Weber huet de Ball ënnert sech duerchrutsche gelooss an esou stoung et 1:0. an der 22. Minutt dann den 2:0 wéi de Couturier e Corner vum Sinani ganz fräi an de Gol käppe konnt.

8 Minutten no der Paus konnt de Cruz no engem Corner op 3:0 erhéijen an domadder alles kloer maachen. Wëll och dono war vun Déifferdeng praktesch näischt ze gesinn an Diddeleng konnt dëse Match ganz locker erofspillen an hat den Déifferdenger an dësem Match ni eng Chance gelooss. An der 81. Minutt huet de Jordanov nach de 4:0 geschoss an huet fir en däitlecht Resultat gesuergt.

Diddeleng léisst Déifferdeng keng Chance
An engem eesäitege Match hat Déifferden näischt entgéint ze setzen a gëtt mat 0:4 iwwerrannt
VIDEO: Déifferdeng - Diddeleng
Diddeleng wënnt de Match mat 0:4

Fola Esch - US Mondorf 5:0

Munneref war gutt an de Match gestart mee konnt op laang Dauer den Tempo vun der Fola net matgoen. D’Fola hat de Match dann och dominéiert a konnt an der 37. Minutt verdéngt a Féierung goen. Op riets hat sech den Hadji gutt duerchgesat an huet aus spatzem Wénkel ofgezunn. Bei deem Schoss gouf et fir den Özcan am Gol näischt ze halen. Nëmme 4 Minutte méi spéit konnten se dunn erhéijen. E Schoss vum Dikaba konnt den Özcan net festhalen, de Ball ass virum Bensi seng Féiss gefall an deen hat keng Problemer de Ball am Gol ënner ze bréngen.

An och no der Paus huet d’Fola genau do viru gefuer wou se virdrun opgehal haten. Se hunn de Match dominéiert a konnten sech ëmmer nees Chancen erausspillen. An der 55. Minutt war et dann de Corral dee mat engem staarke Volley op 3:0 gestallt huet. Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet den Hadji mat sengem 100. Gol fir d’Virentscheedung gesuergt. Mee d’Fola hat nach ëmmer net genuch an huet an der 78. Minutt duerch de Klapp op 5:0 erhéijt. Domadder ass d’Fola elo neie Leader a mëllt sech fulminant aus der Wanterpaus zeréck.

© Steve Beckers

Etzella Ettelbréck - Progrés Nidderkuer 1:1

An den éischte 45 Minutten konnt Nidderkuer iwwerhaapt net iwwerzeegen an huet op ganzer Linn enttäuscht. D’Etzella dogéint wousst ze iwwerzeegen a louch an der Paus verdéngt mat 1:0 a Féierung. An der 32. Minutt huet de Kevin Holtz seng Ekipp mat engem wonnerschéine Fräistouss aus 18 Meter a Féierung bruecht.

Nidderkuer huet op den Ausgläich gedréckt an d’Etzella huet ëmmer erëm op Kontere gelauert mee konnt vun deene keng notzen. An der 86. Minutt gouf de Progrés da belount. De Karapetian konnt de Ball mat lénks no engem Stellungsfeeler an der Defense an de Gol schéissen.

© Raoul Michels

Hamm Benfica - Stroossen 1:3

An der éischter Halschent war Stroossen déi däitlech besser Ekipp a louch verdéngt mat 2:0 a Féierung. Schonn no 2 Minutten huet den Arbitter op de Punkt gewise gehat wéi de Golkipper vun Hamm de Stiermer vu Stroossen gefoult huet. De Ruppert hat sech där Saach ugeholl an ass äiskal bliwwen. Just 11 Minutte méi spéit huet Strossen gekontert, de Lafon huet de Ball op den zweete Potto geflankt an de Yuki konnt ganz eleng de Ball am Gol ënnerbréngen.

Direkt no der Paus huet Hamm zwee mol gewiesselt a waren direkt besser am Match sou dat se sech e puer Golchancen erausspille konnten. No 60 Minutten hat sech de Match dann awer nees berouegt a Stroossen huet probéiert d’Resultat ze halen. An der 76. Minutt konnten se dann awer souguer nach een drop sëtzen wéi den Alves de Ball no engem Fräistouss vum Payal an den eegene Gol gelenkt huet. An der 82. Minutt haten se awer nach eng kéier den Uschloss mam 1:3 gepackt wéi den Issa no enger Flank vum Alunni de Ball am Filet ënnerbruecht huet. Dëse Gol koum awer ze spéit a Stroossen wënnt verdéngt mat 3:1.

© Kevin Estebanez

Rouspert - Racing 1:1

Eng ganz schwaach 1. Halschent kruten d’Spectateuren zu Rouspert ze gesinn wou ausser eng Grousschance op all Säit näischt gesi war. Et goufe vill Fehlpäss gespillt a bei kenger Ekipp gouf et e kloert Konzept ze erkennen.

Nom Téi huet de Racing awer op de Gol gedréckt an huet d’Entscheedung gesicht. No 75 Minutten sinn se dann och belount ginn a konnten duerch de Simon den 1:0 schéissen. E stramme Volleyschoss aus 16 Meter ass am lénkse Wénkel gelant. An der 90. Minutt ass dem Tim Heinz awer nach den Ausgläich gelongen a schénkt senger Ekipp domadder e Punkt.

© Eugene Thommes

FOTOGALERIE: Rouspert - Racing 1:1

Hueschtert - Péiteng 0:3

Péiteng war besser an de Match komm an et waren och Si déi déi éischt Chance am Match haten. An der 29. Minutt huet den Held de Ball déif op de Sawaneh passt an deen huet just nach missen de Fouss dohin halen fir den 1:0 ze markéieren. Zwee weider Goler an der 2. Halschent vum Gashi an Dzanic hunn dëse Match dann entscheet.

FOTOGALERIE: Andréck vum Val Wagner

Back to Top
CIM LOGO