All ze vill Konkretes ass wuel net dobäi erauskomm, ma op d’mannst ass den Toun vum europäesche Futtballverband méi fein ginn.
Bis elo wollt d’Uefa jo per Force all d’Championnater op en Enn spillen. Déi Iddi bleift wuel nach ëmmer bestoen a soll och d’Prioritéit bleiwen, allerdéngs gouf och eng Dier opgemaach fir déi Länner, wou de Championnat net méi kann oder wëll op en Enn gespillt ginn.
Bis de 25. Mee hunn déi Länner elo Zäit, fir een Dossier un d’Uefa ze schécken, wisou de Championnat ofgebrach gëtt. Fir d’FLF an hire President Paul Philipp ass dëst mat Sécherheet eng Méiglechkeet, déi ee wäert an d’Ae faassen, bedéngt duerch d’Decisioun vun der Regierung, bis den 31. Juli all gréisser Manifestatiounen ofzesoen.
“Nieft der Decisioun vun der Regierung kënnt bei eis am Land jo nach dobäi, datt vill Terrainen de Gemenge gehéieren an do och d’Decisiounen nach ënnerschiddlech kënnen ausfalen. Dowéinst ass et doudsécher eng Optioun, fir de Championnat ofzebriechen, et muss ee just elo kucken, wat an deene berüümten “Guidelines” do steet.
Mir wëllen eis Veräiner onbedéngt schützen an dowéinst ass et derwäert, elo nach e puer Deeg ofzewaarden. Deemno wat dra steet, schwätze mir dann och mat deene concernéierte Veräiner, déi a Fro komme fir d’Coupe d’Europe an da setzt een eréischt den Dossier zesumme fir d’Uefa.”, esou de Paul Philipp.
D’Uefa wäert verschidde Richtlinnen erausginn, wéi et a Punkto Coupe d’Europe am Fall vun enger Annulatioun vum Championnat kéint ausgesinn.
