
Déi lescht 12 Méint huet hien do also ënnert dem Chef-Trainer Julian Nagelsmann geschafft, dee jo elo bei den FC Bayern wiesselt. Ob dem Dino Toppmöller säi Wee och op München geet, steet den Ament op d’mannst offiziell nach net fest. Prinzipiell kéint de fréieren Trainer vum F91 Diddeleng sech et wuel virstellen, mee och zu Leipzig fillt hie sech wuel.
“Jo, ech hunn nach Kontrakt zu Leipzig, et kann ee sech wuel Villes virstellen, mee um Enn muss ee kucken, datt et fir jidderee passt. Souwuel fir mech selwer wéi fir den Nagelsmann wéi och fir de Veräin Leipzig. Ech fille mech ganz wuel zu Leipzig an elo muss ee kucken, wat déi nächst Deeg bréngen.”
Wéi den Dino Toppmöller am Juni 2020 Deel vun der Ekipp vum Julian Nagelsmann gouf, stoung direkt d’Champions League um Programm. Deemools ass Leipzig jo beim Final-8-Tournoi zu Lissabon bis an d’Halleffinalle komm.
“Ech gouf direkt an dat kaalt Waasser gehäit. Den éischte Match war d’Champions-League-Véierelsfinall géint Atletico Madrid. Do war ech schonn nervös, mee et huet gutt geklappt an et huet sech alles séier agespillt. De Julian verléisst elo de Veräin, wat wuel schued ass, mee et muss ee kucken, wéi et elo viru geet.”
Nom RM Hamm als Spillertrainer an de Statiounen als Cheftrainer zu Diddeleng a Virton ass him de Sprong deemno op den héchsten Bundesliga-Niveau gegléckt. D’Aarbecht vum Co-Trainer bei engem däitschen Toppveräin ass relativ komplex, sou den Dino Toppmöller.
“Et ass vill Aarbecht an der Preparatioun op de Match. Et huet ee vill Material iwwert de Géigner an et ass akribesch. Mir mécht et immens vill Spaass, ech si Futtball-verréckt an och mam Julian Nagelsmann huet sech d’Saach direkt agespillt. Mir hunn eng gutt Harmonie an hien ass een Toptrainer. Mir hunn dat richteg gutt iwwert déi ganz Saison gemaach.”
Den Dino Toppmöller huet iwweregens aktuell nach bis Juni 2022 Kontrakt zu Leipzig.