
Den Dino Toppmöller ass neie Co-Trainer vum Julian Nagelsmann bei RB Leipzig. Déi Nouvelle, datt de fréieren Trainer vun ënnert anerem F91 Diddeleng e Méindeg e Kontrakt vun zwou Saisone beim Tabellendrëtten aus der éischter däitscher Futtball-Bundesliga ënnerschriwwen huet, koum dach iwwerraschend.
Seng lescht Statioun hat den Dino Toppmöller zu Virton. Bei der Trennung am Dezember zejoert hat den 39 Joer alen Trainer de Manktem u professionelle Strukture beim Veräin aus der zweeter belscher Divisioun monéiert. Lo kënnt den Dino Toppmöller awer genee an déi aner Welt. Beim RB Leipzeg ass alles héichprofessionell:
“Et ass esou komm, datt de Markus Krösche mech virun 2 Woche kontaktéiert huet, fir mech ze froen, ob ech mir kéint virstellen, als Co-Trainer vum Julian Nagelsmann ze schaffen. Dunn goufen et Gespréicher, an dunn hu mer dat finaliséiert. Dunn hat ech och 2 Gespréicher mam Julian Nagelsmann an ech freeë mech elo hei zu sinn.”
De Markus Krösche, deen den Dino Toppmöller ugeschwat huet, ass de Sportdirekter vu Leipzig. Den 39 Joer ale Krösche ass do de Successeur vum Ralf Ragnick.
RB Leipzeg huet mam 33 Joer jonke Julian Nagelsmann och deen talentéiertste Cheftrainer an der éischter däitscher Futtball-Bundesliga.
Och wann den Dino Toppmöller mat sengen 39 Joer och zum jonken Eise gehéiert, kann een dovun ausgoen, datt hien elo bei de Bullen als Co-Trainer eng nei Welt entdeckt:
“Jo, de Julian huet jo elo op engem Topplevel schonn e groussen Erfarungsschatz. Fir mech ass hien den Topptrainer an Däitschland, an an Europa ginn et der och net esou vill, déi esou eng Spilliddi hu wei hien. Ech probéieren och, meng Expertis mat anzebréngen. Mir haten och elo schonn e laangt Gespréich an eis Iddie sinn identesch, an ech gesi mech ganz gutt bei him als Co-Trainer.”
Den 13. August setzt de Fils vum Klaus Toppmöller, deen 2002 mat Bayer Leverkusen an der Finall vun der Champions League war, bei RB Leipzeg zu Lissabon mat op der Bänk, wann et an der 1/4-Finall vun der Kinneksklass géint Atletico Madrid geet:
“Mir sinn all motivéiert, fir zu Lissabon ze spillen - meng Aufgabe sinn awer nach net genee definéiert. Beim Julian ass awer alles am Detail organiséiert a strukturéiert, soudatt ech dat nach matgedeelt kréien.”
Als Tabellendrëtten an der éischter Bundesliga ass RB Leipzeg jo och d’nächst Saison nees fir d’Champions League qualifizéiert.