
Déi 31 Joer al Profispillerin hat sech op den Olympesche Spiller zu Paräis no der Defaite am éischte Match ënnert anerem enttäuscht driwwer geäussert, datt hire privaten Trainer Peter Teglas si wärend der Partie net huet dierfe coachen.
Déi Responsabel vun der Dëschtennisfederatioun (FLTT) wollten en Dënschdeg op hirer Pressekonferenz nach keng Bewäertung iwwer dat Ganzt ofginn, just chronologesch Fakten opzielen, well ee bis elo nach weder mat der Sportlerin selwer nach mam Comité Olympique konnt schwätzen. D’Entrevue FLTT-Sarah De Nutte ass fir Mëtt dës Mounts virgesinn an déi mam COSL am Oktober. Mam Comité Olympique sollen do och nach aner Meenungsverschiddenheeten diskutéiert ginn.
Dat Ganzt bei Olympia huet à la base eppes mat der reduzéierter Zuel vun den Akkreditatiounen op Olympesche Spiller ze dinn. Beim Teambuilding Meeting vun de Lëtzebuerger Olympiakandidaten am November zejoert hat d’Sarah De Nutte schonn de Wonsch geäussert, datt hire Privattrainer kéint un hirer Säit sinn. Dee Moment war awer just eng - fir et einfach auszedrécken - Coach-Akkreditatioun, eng sougenannten AO, fir d’FLTT virgesinn, an déi war fir den Tommy Danielsson, deen och am Kader vun der Nationalekipp ëmmer mat den FLTT-Dammen ënnerwee ass.
Op Olympesche Spiller ass vum Internationalen Olympesche Comité festgehalen, wéi vill Akkreditatiounen all Land kritt, an am Fall vu Lëtzebuerg mécht dann den COSL d’Opdeelung an Ofsprooch mat den implizéierte Verbänn. D’Federatioun, d’Spillerin an de COSL ware sech am November 2023 eens, fir eng “P-Akkreditatioun”, dat heescht eng Akkreditatioun fir Trainingspartner a Privattrainer ouni Wettkampfzougang, fir de Peter Teglas unzefroen.
Duerch den Timing vun den Dëschtennismatcher vun den dräi Lëtzebuerger Athleeten zu Paräis selwer, déi ganz no beienee waren, war et dunn awer op eemol méiglech, nach eng zweet AO-Akkreditatioun ze kréien. De COSL schéngt déi dunn dem Peter Teglas zougestanen ze hunn. No Récksprooch vum COSL mat der Federatioun hunn déi Responsabel vun der FLTT awer du matgedeelt, datt ee soll dobäi bleiwen, wat am Virfeld ofgemaach war, an dat war eben, datt just den Tommy Danielsson als Coach nieft dem Dësch soll sinn.
“Also mir ginn op d’Spiller an, an dat ass also falsch, wat een dat géif behaapten, dat wär net de Fall. Mir froen och ëmmer am enke Kontakt mat de Spiller, wat se am Fong geholl vun Traininger oder vu Kompetitiounen och wëllen, an da fléisst dat och an, souwäit wéi et méiglech ass. Mä mir hunn als Federatioun e Leeschtungskonzept, wat eigentlech op en Trainerteam baséiert, wat mir en place setzen, an dat dann d’Sarah souguer nach déi Méiglechkeet huet, fir en individuellen Trainer ze huelen, mee dat ass den Trainer. Dat ass op jidder Fall net de Coach. Also do muss een och vläicht eng Differenz maachen, an dat Wichtegst ass, mir ginn op d’Spiller an, a mir schwätze mat hinnen, an do ass méi wéi ee Gespréich mam Sarah gefouert ginn.”
Lo Mëtt September ass wéi gesot d’Reunioun vun der FLTT mam Sarah De Nutte an dann am Oktober mam Comité Olympique, fir iwwert dee ganzen Dossier ze schwätzen.