
No enger offensiver Ufanksphas vum Racing ass an der Suite bei béide Formatiounen net méi vill zesummegelaf. D’Visiteuren hunn de Ball zwar besser lafe gelooss, ma si sinn awer géint eng disziplinéiert Escher Defense kaum zu geféierlechen Occasioune komm.
Och no der Paus huet et op béide Säiten dacks u Prezisioun gefeelt an d’Spectateuren op der Grenz krute wéineg Golchancen ze gesinn. No enger Stonn huet d’Jeunesse du besser an de Match fonnt a sech duerch en Distanzschoss vum Larrière direkt mat der Féierung belount. Just e puer Minutten drop ass de Lapierre no enger Flank un de Ball komm an huet mat engem spektakuläre Volley den 2:0 markéiert. De Racing sollt sech vun dësem Réckschlag net méi erhuelen, soudass de Mogni an der 83. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt huet.
Mat dëser Victoire zitt d’Jeunesse, déi um Ufank vun der Réckronn nach op enger Ofstigsplaz stoung, op Plaz 7. Domat ass een och punktgläich mam Racing op Plaz 8, béid Ekippe kënnen um Sonndeg awer nach iwwerholl ginn.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Jeunesse Esch - Racing FC Union Lëtzebuerg 3:0
1:0 Larrière (68'), 2:0 Lapierre (76'), 3:0 Mogni (83')