Tennis-WeltranglëschtDjokovic fält trotz Wimbledon-Victoire op d'Plaz 7 zeréck

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet sech den Novak Djokovic säi 7. Titel zu Wimbledon geséchert a säin 21. Grand-Slam-Titel am Ganzen.
© AFP

Trotz dësem Exploit fält de Serb an der Weltranglëscht weider zeréck, dat well en dëst Joer zu Wimbledon keng Weltranglëschtepunkte kritt huet. Well den Djokovic Wimbledon schonns 2021 gewonnen huet, verléiert hien awer déi 2.000 Punkten aus dem leschte Joer. Domat fält hie vun der drëtter op déi 7. Plaz zeréck. De Russ Daniil Medvedev, dee bei Wimbledon net huet dierfen untrieden, bleift weiderhin un der Spëtzt.

Well den Organisateur vu Wimbledon russesch a belarussesch Spiller a Spillerinne vum Tournoi ausgeschloss hat, hunn ATP a WTA decidéiert, keng Punkte fir d’Weltranglëscht ze verdeelen.

Och fir de Finalist Kyrgios an d’Finalistinne Jabeur a Rybakina ass dëst natierlech onglécklech. De Kyrgios fält vu Plaz 40 op 45 zeréck, d’Jabeur fält vu Plaz 2 op 5 zeréck, iwwerdeems d’Rybakina op der 23. Plaz bleift.

Back to Top
CIM LOGO