
Zu New York geet et op de US Open sou lues awer sécher Richtung Finallen, déi fir e Samschdeg an e Sonndeg ugesat sinn.
Den Optakt bei den Häre hunn en Dënschdeg Owend de Carlos Alcaraz an de Jiri Lehecka gemaach. De Spuenier, dee mat der Victoire an der Aachtelsfinall géint den Arthur Rinderknech 58 Partien am Joer 2025 gewonnen huet, war am Duell mam 23 Joer jonken Tschech, dee fir déi éischte Kéier an d’Top 20 vun der Welt gespronge war, de grousse Favorit a konnt sech kloer an 3 Sätz (6:4, 6:2, 6:4) behaapten.
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch krut den Taylor Fritz et mam Novak Djokovic ze dinn. Virum heemesche Public wollt den Amerikaner fir déi éischte Kéier géint de Serb gewannen. 2023 hate béid Spiller schonn an der Véierelsfinall vun de US Open géintenee gespillt. Den Novak Djokovic hat awer a véier Sätz dat bessert Enn fir sech, hie kann sech mat 6:3, 7:5, 3:6 a 6:3 géint den Amerikaner duerchsetzen.
E Mëttwoch Owend spillt den Alex de Minaur géint de Félix Auger-Aliassime. Den Australier wëll sech fir déi éischte Kéier bei engem Grand-Slam-Tournoi fir d’Halleffinalle qualifizéieren. De Kanadier dogéint wëll no 2021 op en Neits an d’Halleffinall vun de US Open kommen. Béid Spiller hu sech souverän am leschten Tour behaapt. De Félix Auger-Aliassime huet ënner anerem schonn den Alexander Zverev an den Andrey Rublev eliminéiert.
Zum Ofschloss vun de Véierelsfinalle bei den Häre krit de Jannik Sinner et mat sengem Landsmann Lorenzo Musetti ze dinn. Den Titelverdeedeger an aktuell Nummer 1 vun der Welt konnt dëst Joer schonn d’Australian Open a Wimbledon fir sech entscheeden. D’Favoritteroll läit deemno kloer beim Sinner. De Musetti als aktuell Nummer 10 vun der Welt huet awer mat gudde Prestatiounen op sech opmierksam gemaach.