WimbledonDjokovic iwwersteet 5-Saz-Krimi, Maria decidéiert däitscht Duell fir sech

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goufen zu Wimbledon déi éischt Véierelsfinalle vum drëtte Grand-Slam-Tennis-Tournoi vun der Saison gespillt.
© AFP

De Novak Djokovic steet zu Wimbledon an der Halleffinall. Den Titelverdeedeger huet sech an der Ronn vun deene leschten 8 an engem gëllege Krimi a 5 Sätz (5:7, 2:6, 6:3, 6:2, 6:2) géint den Italiener Jannik Sinner duerchgesat. De Serb louch schonn 0:2 an de Sätz hannen. An der Halleffinall kritt den Djokovic et elo mam Cameron Norrie ze dinn. D’Nummer 12 vun der Welt konnt sech an engem weidere ganz spannende Match mat 3:6, 7:5, 2:6, 6:3 a 7:5 géint de Belsch David Goffin duerchsetzen. Fir de Lokalmatador ass et déi éischte Kéier, datt hien et an d’Halleffinall vun engem Grand Slam packt.

An der Véierelsfinall vu Wimbledon huet sech d’Tatjana Maria aus Däitschland mat 4:6, 6:2 a 7:5 géint hir Landsfra Jule Niemeier duerchgesat. Déi zweefach Mamm steet domat déi éischte Kéier an hirer Karriär an der Halleffinall vun engem Grand Slam. Béid Spillerinnen aus Däitschland stoungen och schonns méi wéi iwwerraschend an der Véierelsfinall. An der Weltranglëscht sti si just op de Plaze 97 an 103. Elo kritt d’Tatjana Maria allerdéngs eng ganz haart Noss ze knacken, nämlech d’Ons Jabeur aus Tunesien. D’Nummer 2 vun der Welt ass den Ament ganz staark a Form an huet sech an hirer Véierelsfinall mat 3:6, 6:1 a 6:1 géint d’Marie Bouzkova aus Tschechien duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO