
Deemno kann hien e Méindeg net bei den Australian Open untrieden. Dat huet e Bundesgeriicht um Sonndeg de Moien entscheet.
An enger éischter Reaktioun weist d’Nummer 1 vun der Tennisweltranglëscht sech enttäuscht, huet awer erkläert, dass hien d’Entscheedung vum Geriicht respektéiert a mat den zoustännegen Autoritéite wäert bei der Ausrees kollaboréieren.
Et huet net laang gedauert, bis och de serbesche President Aleksandar Vucic sech zu Wuert gemellt huet. Hie schwätzt op en Neits vun enger Hexejuegd. Hien hätt dem Djokovic an engem Telefonsgespréich gesot, hie kéint et net erwaarden, dass de Serb zeréck a seng Heemecht géif kommen, do wou hien ëmmer wëllkomm ass.
Den 20-fache Grand-Slam-Gewënner war ongeimpft a mat enger medezinescher Ausnamegeneemegung agereest. Scho bei senger Arees huet hie mussen a Retentioun, bis e Geriicht an 1. Instanz säi Virum fir valabel erkläert hat. D’Regierung hat awer direkt ugekënnegt, dass se dat nach emol wäerten iwwerpréiwen.
Den Immigratiounsminister hat e Freideg dem Novak Djokovic säi Visa als ongülteg erkläert, wougéint den Djokovic an Appell gaangen ass. Hien huet um Samschdeg mussen a Retentioun, déi Zäit bis déi endgülteg Decisioun vum Geriicht feststoung. Déi ass dann um Sonndeg de Moie gefall an et heescht elo definitiv fir den Djokovic, dass hie muss seng Saache paken an d’Land verloossen. Dobäi kënnt, dass hien och d’Geriichtskäschten iwwerhuele muss.
Wéi den australeschen Immigratiounsminister matdeelt, wier den Djokovic e Sonndeg den Owend um 22.30 Auer Lokalzäit vu Melbourne aus op Dubai geflunn, wat 12.30 Auer eiser Zäit wier. E gouf dann och gefilmt, wéi hien um Fluchhafen ukomm ass.